Ganz flott Owesstëmmung. Dat eenzecht, wat méch hei wurmt ass di jeweileg Positioun vun de Personnagen am Bild, vun deene kee wirkléch richteg fräigestallt ss. Bei deene 4 vir lénks ass et nit zevill schlëmm, awer déi Gestalt ouni Kapp hannert dem Luuchtepoteau stéiert fir méng Begrëffer de gesamtandrock vun dénger Foto. Ee Problem ass och hier hell Jackett, déi de Bléck dohinner zitt. Fir de Rescht ass dat doten awer eng Foto, déi mir wirkléch gutt gefällt vun de Farwen an der allgemenger Stëmmung hier.
Merci fir däi Kommentar. Ech hunn effektiv heiansdo de Problem dass ech mir net genuch Zäit loossen fir meng Opnamen am Detail ze kucken éier ech knipsen. Lo wous de et sees, fällt mir déi Persoun hannert dem Poto mol réicht richteg op, a jo effektiv se stéiert mech och lo