Ass ganz staark, Nico (ech hat zwar fir dem Pierrette séng Foto gestëmmt, awer, dat ass jo 'affaire de goût'). Wat mech besonnesch un dësem Bild unzitt, ass déi Dynamik, déi's du mat dem zimmlech progressive Bildschnëtt erreechs. Mini-bémol - wanns de erlaabs - den 'effritéierte O op 10 vir 12, awer dat kanns de locker - wanns du wëlls - korrigéieren.
Wat mengs du genee mat "effritéiert" hei? Di verpixelt Struktur oder d'Gebai, wat ech net fräigestallt hun do an deem "Eck", wann een dat bei enger Ellipse sou nenne kann?
Am O uewe lénks gesäit et aus, wéi wann d'Struktur vum Material beschiedegt wär, ech gin dovunner aus, datt den Effet durech d'Sonn/d'Luucht entstanen ass . Ech selwer hätt bei der Bearbéchtung probéiert dat auszegläichen, awer dat ass adg.