Ech hun dat dach bei Extras geschriwwen, Georges! Een Ilford HP5 Plus 400...
Ech hun am Fong meeschtens där Filmer vun Harman, zum Deel och, well ech déi da mat engem Kolleg zesummen am Ilfosol an der Schoul entwéckelen. Och wann deen heite Film elo "industriell" entwéckelt gin ass, an ech ganz zefridde si mam Resultat.
Wat genne di Konica lo als Objectiv huet, kann ech net soe, well si läit an der Schoul, wou grad eng Schülerin am Cours domadder "knipst"... Wann ech drun denken, da kucken ech mar, wann ech do sin, an da soen ech dat dann hei fir di Interesséiert.