Ech sin och e bësse jalous, a frustréiert, well am Fong wollt ech dëst Joer an d'Schwäizer Bierger, fir mol neess nei Fotoen do ze maachen, mais all Kéiers, wou ech reservéiert hat, resp. wou ech hätt kéinte goen (ech hu kee Congé mais Vakanzen...), war d'Schwäiz fir eis zou. Méng Fotoen aus dem Berner Oberland vun 2012 huet huet mir den Disc-Däiwel all zerstéiert, d'Original an d'Sécherheetskopie mateneen. Wéi ech vun der Sécherheetscopie wollt ee Save maachen, ass deen Disc iwwert dem Iwwerspillen futtigefuer. Dat ass wirkléch de worst case gewiescht. Méng Fotoe vun 2018 sin net schéi, well do d'Wieder einfach ze vill gudd war an ech bal ëmmer an der Mëttestonn an de Bierger ënnerwee war. Egal! Irgendwann kommen och neess besser Zäiten.
Oh mei, d'orginal Datei plus d'Sécherheetskopie mateneen ze verléieren ass definitiv de 'Supergau', méi schlëmm geet et jo bal net. Schued !
Bon, ob Vakanz oder Congé, ech mengen dëst Joer keen e richtege Virdeel respektiv Nodeel wat d'Reesen am allgemengen betrëfft, ...mäi wéi's du selwer schreiws, ...et kommen och neess besser Zäiten.