Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
E-Lake
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.06.2020
  • Gekuckt:
    33380
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1334
  • Späicherplaz:
    1777 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D750
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nifty fifty 50mm
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90637]
Kommentar vum Fotograf:
En Wonnerscheinen Daag um E-Lake.
Paul-H 05.06.2020 - 14:55
Hmmm, huel et net perséinlech, mee hei gefällt awer verschiddenes net. D'Bild huet keng richteg "Ausso", et kippt no riets, déi ennescht Hallschent ass total onscharf. Ech huelen un daat war sou gewoltt mee hei passt et net sou richteg. An dann ass déi Blo Faarw mir perséinlech ze onnatierlech. Vu dass keng EXIF´s publizéiert sin ass et och schwéier dir Tipps ze gin wéi's de et häss kennen besser machen. Mat esou enger Kamera (hun déi och) ass awer méi dran.
P.S. Ech fannen däin Waasserzeechen ass e ze prominent gewisen, e bëssen méi dezent geet och.
Nach eng Kéier, et ass alles als konstruktiv Kritik ze verstoen.
Kenny 05.06.2020 - 14:58
guerkeen Problem. Ech testen mech nach un dei Kamera erun. ass nach relativ neiland fir mech. daat ganzt wuar en Presetfilter vum Lightroom. An waat d'Fotodetailler ungeht wees ech net wei ech dei implementeieren kann.. ech muss alles manuel angin. opwuel en daat misst automatech machen. LG Ken
Paul-H 05.06.2020 - 15:04
Ok, jo aller Anfang ist schwer mee loos dech net enner kréien.
D´Presetfilter am LR (ech mengen awer net all) friessen tatsächlech en Deel vun den EXIF´s wech, eppes waat ech och réischt no joerlaangem benotzen gemierkt hun well ech déi quasi nie benotzen.
Kenny 05.06.2020 - 15:07
Merci.
Ech wert mech mol mam Photoshop auserneen setzen, oder bei den simplen Réglagen op Lightroom bleiwen. Testen daat eenmol an deenen nächsten Deeg.
Paul-H 05.06.2020 - 15:21
Fir den Ufank kann ech dir nemmen rooden mol de Moment beim LR ze bleiwen. Deen bidd vill Méiglechkeeten fir ze verschaffen, no joerelangem benotzen kennt een se meeschtens nach net alleguer.
Daat ass elo näischt géint den PS gesoot, fir vill Fotografen ass et den Standard mee en ass eben nach en Tick méi "komplizéiert" wéi den LR.
Mee virun der Nobearbechtung gellt nach emmer den Sproch vum Gisèle Freund: "Das Auge macht das Bild, nicht die Kamera". smile
Kenny 05.06.2020 - 15:24
Jo deem Sproch kann ech nemmen Zoustemmen bigsmile
Um Apparat an Objektiv leit et net jo net an desem Fall haha.

Wert daat alles bei den nächsten Fotoen emsëtzen.
LG Ken

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 248 Gäscht online