Kommentar vum Fotograf:
Enn der 1990er Joeren hun ech an engem Gebai Schoul gehaale, wat mir deemols vun der ARBED am Schlassgoard zu Esch zu engem Deel gelount haten. Do hat ech dann och eng Kéier méng Lomo Lubitel 166 mat dohinner, fir di heite Foto aus engem vun den deemolege Klassesäll a Richtung Arbed Schëffléng ze maachen. Well ech onméiglech uewen an de Schacht vum Apparat konnt nucken, hun ech di Foto à la bonheur" gemaach, an dofir ass den Horizont da liicht schéi gin. Mais een Opriichte vun der Foto hat ech zwar probéiert, hun et awer verworf, well dann den Ausschnëtt nët méi wirkléch gudd ass. Vläicht ass jo haut, wou et do ganz aanescht ausgesäit, a wou virun allem keng Schrottzich méi an d'Stolwierk rangéiert gin, déi Schräglage op der Foto béi symbolträchteg, wéi eng opgeriichte Versioun...