Leica IIIf (1956) + Leitz 5cm f/3.5 collapsible (1957) + Leica Universalsucher fir 35mm, 50mm 90mm a 135mm Brennwäit
Eleng de Film aléen ass scho bal eng Wëssenschaft fir sech. Bis een de Film mol richteg dran huet, - e puer Versich si bei mir meeschtens néideg-, ass och schon di next Generatioun Handy um Maart. Kadréieren an d'Schaerft astellen ass e Gefill wéi wann een mat enger Spigelreflex duerch e Schlësselach fotograféiert. Di laang Zäiten gin separat agestallt.D'Beliichtung get souwisou per Hand gemooss oder au pif geschaat. Ouni Universalsucher, (dann just mat 50mm agebautem Sucher a 50 mm Elmar Ojektiv daat sech an d'Kamera randrécken léisst) passt se bequem an eng Mantelstäsch fir als Ëmmerdobäi("knips") Eventuell kann een och nach domat erausfannen ob den Dëschnooper e Stop am Ouer huet oder ob hien engem einfach net wëll nolauschteren ;-) . Alles an allem eng richteg Spaassmaschin fir puer Gäng zréckzeschlaten an d'Resultat mengen ech, léisst sech weisen:
Knokke