Merci Paul. Jo et fiert all Daag am Regionalverkéier no Fahrplan, ob farweg hei besser gewierscht wier wees ech elo net. Ech haat een s/w-film aleien a stelle mir dee Moment och d'Motiver am s/w vir a kucken dann och net esou no de Faarwen. Natierlech wann d'Faarw awer d'Motiv ausmécht, an esou an d'Aae stécht, verzichten ech op eng Foto am s/w. Ech wees awer et gin flott Fotoen am faarwegen vun dësem Motiv, do hues net onrecht.
Et ass warscheinlech interessant mat där Technik vun fréier ze experimentéieren, fir mein Gu verschwannen Detailer aawer zefill aan den dominanten Grootéin an si wirkt einfach flaach.
Merci René fir däin feedback. Ech hätt effektiv kéinten/missen e Gielfilter benotzen an/oder en 100iso Film fir e besser Resultat mat méi Kontrast, oder carrément am analogen Mettelformat schaffen.Mee bon, bei däer Technik vu fréier ass eben, - am Géigensatz zur digitaler Technik - , d'Experimentphase an de choix gemach iert d'Foto gemach get, an et ass grad daat waat et fir mech esou interessant a virun allem spannend mécht, zemols ech de Moment kaum Zäit hun fir lang Postproduktioun um PC. (de scan get am Labo gemach)