Mäin éischten Versuch eis Stären an d´Mëllechstrooss um Kayler Poteau ze knipsen.
Sinn selwer nach net 100% zefridden, vläicht huet jo een e Verbesserungsvirschlag.
Top! Cool dass een hei och lo bessen méi oft Staeren Fotoen gesait! Ech géing an daer heiten Foto mool d'Vignette raus huelen/reduzéiren. Bei Staerenfotoen fannen ech daat net sou flott. Vum Obbau hier ebessen méi Landschaft mat drop, och wanns du dann méi Liichtverschmotzung um enneschten Deel mat drop kriss, se waert dann trotzdem méi interessant wierken!
PS: ech wees lo net wéivills du um PC d'Foto opgehellt hues, mee am allgemengen kann d'ISO nach gudd rop gedréint gin
merci. Jo wann ech ennen mei Landschaft drop gemat hunn dann fannen ech fehlt en Deel vun den Stären :/ jo mam ISO muss ech mech runtaschten well ech dei Kamera nach net sou lang hunn mee effektiv do ass nach vill Loft no uerwen.