Mol dervun oofgesin dass ech d'Foto technesch gesin ganz gelongen fannen, gesäit een e puer amusant Détailer an zwar dass gsd just "d'Bäifuerin" um Handy knechelt an och daat Härz riets an der Mëtt passt jo awer ganz gudd bei d'Koppel um Tandem.
D'Bewegungsonschärft vum Tandem stéiert hei net mee brengt éier nach zousätlech Dynamik an d'Bild.
Fir mech ass den Vëlo mat deenen 2 Personnagen den Haaptsujet. Deen ass interessant, well wéi den Pauh-H bemierk huet, d'Meedchen mam Handy spillt a Platz ze fueren. Leider ass den Sujet onschaarf. Ech denken, dat den Vëlo hannert sech nach e bëssche méi Loft misst hunn an den Vëlo dann och net no genuch eru geholl ginn ass.
Wéi ech op der Foto di interessant Détailer entdekt hun hätt ech mer och manner Bewegungsonschäerft gewënscht oder carrément méi Onschäerft. Merci Regiro fir däin feedback