Bei vill Wäitwénkel (wat jo hei mat 16mm de Fall ass) kann een ouni Problem 30s beliichten ouni dass d'Stären zevill no Stricher ausgesinn. 100% era gezoomt géif een et liicht gesinn, mee méi och net. Wat d'Brennwäit méi rop geet, wat d'Zäit déi een däerf beliichten méi erof geet.
Ah ok! Wéi gesäit et dann aus wann ee nach méi laang beliicht? Ech hat lo wéini hei eng Foto gesinn wou minuttelaang beliicht ginn ass, an d'Stären waren awer keng Strécher ginn... fannen se leider net méi rem.
Hei ass et flott dass déi Wandmille an da Mett vun da Melleschstroos ass, par contre ass et schued dass den Zentrum vun da MS oofgeschnidden ass an den Pano soumat den vollstänneg ass!