Wat huet dat dann domatt ze din fir se op Din A2 wellen ze vergréisseren? Deen Käfer ass och net op Din A4 oder Din A5 scharf. Dein Makro-Motiv wous du eis hei weis, ass net scharf!
An wéi schon erwähnt kann eng Stëmmungsfoto och scharf sin.
Wat kadréieren ubelangt géif ech den Käfer net esou mettech setzen. Ass där awer iwerloos.
Muss dem Jacques do awer zou stemmen, en Bild muss elo ned vun fir bis hannen scharf sinn, me den Fokus hätt schon missen setzen, an hätt den Käfer warscheinlesch och bessen mei erof gesat, me dat fannen ech lo mol nach ned sou well
Jo sorry...Kompo ass top an faarwen, greeng roud, klappt emmer...se ass souguer fir 72dpi op e klenge schierm net schaarf genug.
Verstinn dass du se OK fënns. Du bass emozionaal un dengem Bild gebonnen. Mir gesin se e bessi mei objektiv an mir sin keng Haters wann mir eis meih gin eppes ze kommentéieren ass et nemmen Konstruktiv gemengt. Onscharf Foto ass haut een no-go, ausser du Verschaffs se wéi eng Analogue Foto am Retrolook