Eng Foto aus dem Februar wou ech an Norwegen war, déi ech gëscht réischt verschafft hunn. Et war zum Schluss vun enger Nuecht mat vill a staarker Nordliicht Aktivitéit.
D'Aurora war eigentlech relativ schwaach, d.h. ech hunn déi méi hell gemaach, an de Bierg och, zousätzlech dann rout Faarf erausgeholl (vum Duerf no bäi) an gekuckt dass allgemeng genuch Kontrast dran ass. Gemaach hunn ech dat mat 3 Luminosity masks am Photoshop, kascht also schonn e bëssen Zäit
D'Extras si manner materialistesch (well do brauch ee "just" eng DSLR, e Wäitwénkel mat grousser Blend an e Stativ), mee dofir méi alles rondrem wéi z.B. d'Gedold einfach ze waarden, de Wëllen ze kucken eng Aurora ze erwëschen, d'Ausdauer fir ze soen et mécht een dofir einfach eng ganz Nuecht duerch an dann nach e bësse Chance dass och d'Wieder an d'Physik matspillt
A wat vill Leit vergiessen: Et muss ee säi Material auswänneg kennen well op sou Plazen ass et stackdäischter, arschkal an et muss een trotzdem séier kënne sinn fir e Kadrage ze setzen, schaarf ze stellen an dann eng Laangzäitbeliichtung ze maachen.
Ass zimlech béis, mee een klengen Punkt hunn ech awer deen mech all Kéier un er stéiert wann ech se kucken: D'Reflexiounen vum Nordliicht ob dem Schnéi. Déi gesinn vir mech iergendwéi net natierlech aus well se ze däischter sinn. Wéivill hues de déi nodréiglech verännert an hues de eng Kéier probéiert se en bëssen ofzeschwächen/obzehellen?
Wéi scho virdrun erwähnt an engem Kommentar hunn ech d'Aurora selwer e gutt Stéck méi hell gemaach, de Bierg och awer net esou vill well e mer soss zevill erausgestach hätt an der Foto - mee dat kann däin Androck erkläre well béides ass ënnerschiddlech vill verschafft