Merci maimonides.
Graad bei der 4ter haat ech geduecht ech kriit se hei wéinst der BEA "zerappt" mee ech hun se awer als Titelfoto gewielt well et och mäin Favorit war. Net onbedingt wéinst der technescher Qualitéit mee wéinst der Stemmung.
D'BEA gesait een jo réischt wann een drop klickt, Paul-H. Fotoën mussen net technisch perfekt sin wann se eppes interessantes ze erzielen/weisen hun. Stëmmung, eben.
Eng ganz flott Serie. Mir gefalen och déi ganz verschidde Faarwstëmmungen an de Biller. All Bild ass aanschters interessant. Villäicht eng liicht Präferenz fir 4.
Merci Jorsch. Wéi schon uewen geschriwen war d'Nummer 4 och mäin Favorit. Doniewt wollt ech weisen waat een fir grondverschidden Stemmungen mat eng an deem selwechten Motiv weisen kann. Alleguer d'Fotoen sen ennerhalb enger halwer Stonn gemaach gin.