2 X Merci Jean-Paul. Waat e puer Deeg eischter awer alt erem ausmachen kennen. Ech gin elo am Juni nach emol e puer Deeg lussen waat d'Löffleren do soen.
Déi Koppel mat de flotten orange Schniewwelen ass immens schéin, besonnesch well se sech och nach am blo-bronge Waasser spijelt. E super Bild!
( Eventuell stéiert mech déi Sträif Buedem riets ënnen. Villäicht hätt e Cadrage am Carré gehollef, da brauch een nëmme ganz e bësse Buedem ewechzestempelen fir de Koup lass ze ginn. )
Soen der Merci jorsch. Ech hun de Carré mam Buedem ewegstempelen probeiert an et fehlt mer dann Loft no riets: Soen der awer villmols merci fir deng Idee.
Een ganz gelongent Bild! Mir gefält et Faarflech Schäerft, an de Cadrage ganz gutt! Just schuet dass de Buedem zimlech onschaarf ass. D' Objektiver sinn jo esou agestallt dass zwee Drëttel no hannen Schaarf sinn an just en no vir. Wann ech deng Foto kucken, froen ech mech op een dat net soll änneren. Ëm dréien bei der Blend 9 ? Fir méi Schäerft no vir ze kréien an nach genuch no hannen ze hunn ! Dat ass just eng Idee an och eng Fro zu dengem Bild? Ass et Méiglech oder just eng Domm Idee?
Merci mol fir dein Kommentar an et freet mech och dass d'Foto gefällt. Schärftendeiwt geet och bei Blend 9 (geif mol net bei Blend 20 duergoen) leider net duer fir d'Löffler an de Buedem gleichzeiteg scharf ze kreien. Et ass bei Blend 9 ongefeier eng Schärftendeiwt vun knapp engem Meter op dei Distanz wou d'Vullen soutzen. De Buedem ass gud 8 Meter virun de Vullen. Egal wei een do en Noreglage vun der Schärft mecht, et geet nie duer.