Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Kaweechelchen

All Fotoen an dëser Serie:
44578 Thumbnail
44579 Thumbnail
44580 Thumbnail
44581 Thumbnail
44582 Thumbnail
Kaweechelchen
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.02.2016
  • Gekuckt:
    47730
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Originaldatum:
    Jan 2016
  • Fotoapparat:
    Canon 1DX
  • Objektiv:
    600mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Tarnzelt

Fir anzesetzen: [pg_img=85504]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie vum Kaweechelchen

Eng wollt ech an den Drock ginn, wees awer nach net wat fir eng?

Verbesserungsvirschléi betreffend Cadrage, Fehler asw. sinn wëllkomm.
marker 02.02.2016 - 18:26
..eng ganz schéi Serie wou's du hei presentéiers, an eng exzellent Schärft an de Biller. Einfach herrlech unzekucken..!!
Abacab 04.02.2016 - 14:39
Merci villmools Marc, dat freet mech dass d'Serie gefält smile
Pit 02.02.2016 - 21:05
Déi 2te gefällt mer am beschten, déi huet en super Bokeh mat dem grengen Hannergrond. Sie sinn all op den Punkt knackeg scharf.
Abacab 04.02.2016 - 14:40
Merci Pit fir deng Appréciatioun!
Pit 09.02.2016 - 07:46
An, hängst de der lo déi doten un Mauer, oder eng aner aus der Serie ?
Felicitatioun (hun se och gewielt smile )
Abacab 10.02.2016 - 17:04
Villmools merci Pit ! dann haste gudd gewielt smile

Jo, muar kennt se unn smile op Alu-Dibond 75×50 cm

si mol gespaant...


MsJarryman 02.02.2016 - 21:57
Oh je, ass dat Daisy, endlech nees, fir mech absolut déi éischt.
Abacab 04.02.2016 - 14:45
Merci MsJarryman, jo sinn och frou dass den Desi erem op Besuch kennt, hat sech laang net méi gewisen..

Di eischt ass och mäin Favorit.

De Grond dofir schreiwen ech bei den gunman smile
gunman 03.02.2016 - 09:04
Top Serie, top scharf, einfach gutt !
Eng Präferenz hätt ech och fier déi éischt, mais et ass wierklech schwéier hei ze soen waat fier eng déi Bescht ass, daat huet vill mat perséinlechem Gout ze dinn.
Abacab 04.02.2016 - 15:11
Merci gunman fir deng Appréciatioun!

Ass ëmmer gutt eng friem Meenung zu sengen Fotoen ze kréien, well een selwer zevill Bezuch zu sengen eegenen Fotoen huet an dann einfach Saachen iwwerséit...

Di eischt ass och mäin perséinlechen Favorit, aus folgenden Grënn:

1) gefält mer di ongewéinlech Positioun vum Kaweechelchen, well et esou schéin d'Gläichgewiicht mat sengem decken Schwanz ausbalancéiert.
2) seng Schwanzspëtzt befennt sech duerch Chance genau an der Linn vun sengem Aan,wou ech fokuséiert hunn, an doduerch ass Schwanzspëtzt mat scharf.
3) duerch d'Géigeliicht gefàlt mer d'Liichtstëmmung am Bild an am Bokeh ganz gutt.

Di 3te ass am Schloréen gemat ginn bei extrem schlechten Wierder... an hei gefält mer d'Liicht um Kaweechelchen selwer..

Hoffen war elo net zevill selbstverliebt bigsmile
gunman 05.02.2016 - 15:02
Ech mengen Du hues grouss Chancen fie d'Photo vun der Woch...
Abacab 08.02.2016 - 16:26
Merci gunman, Du lungs net esou falsch bei denger Virahnung smile
Jacques 03.02.2016 - 09:42
Qualitativ fannen ech Nummer 1 am beschten.
Nummer 2,3 an 5 sin stark Tounwertofress am Hannergrond.(Geseit een am beschten wann een d'Foto mat schwarzem Hannergrond um Monitor kuckt)
Bei Nummer 4 sin se net esou stark, mee do ass den Schwanz uewen geschnidden wat e bessen stéiert!
Abacab 04.02.2016 - 15:32
Merci Jacques fir deng Billeranalyse!

effektiv sinn Nummer 2, 3 a 5 bei schlechten Liichtverhältnisser gemat ginn.
Duerch Kompressioun an de jpeg op 2000 px sinn dann di ellen Tounwertofress entstaan.

Haat och mat deem Trick mam Rauschen asw. probéiert, mee huet näischt gehollef.

A mengem Fall mecht dat awer näischt aus, well op den Originaler bei iwwer 5000px op 16 bit keng Tounwertofress ze fannen sinn, an ech d'Biller mat voller Opléisung an den Drock ginn.

Beim Bild 4 hunn di puer Hoer vum Schwanz leider net méi an d'Bild gepasst, wollt awer keng nodréiglech dru pëche goen closed_eye

Di 5 Biller sinn net gecropt, dofier och wéineg Spillraum mam Cadrage...
Jacques 04.02.2016 - 15:45
Verstin dass et net einfach ass fir déi ewesch ze machen,du bass net deen eenzegen deen munchmol domatt Problemer huet closed_eye
Mee um Endeffekt ziehlt just dat was du hei weis, wéi bei alleguer deenen Leit wou hei Fotoen eropplueden.
Abacab 04.02.2016 - 16:04
Ech wees... du bass ganz streng doranner bigsmile

ass och gutt esou!

mat zevill Hunnëg unn de Féiss kennste schlecht weider closed_eye
ornitho 08.02.2016 - 09:20
Dei eiweg Geschicht mat den Tounwertofress etc...et Hänkt alles vun de Bildschiremer of... Um Ipad gesin esch hei nix, um Apple Imac, den keng Referenz ass vir ordentlech Bildbearbeschtung gesait en dei Tounwertofress demno weien Farwprofil en agestallt heut, elo hei um Eizo, kalibreiert, an den dofir gemach ass gesait nix vun Tounwertofress... et ass eng Sach vun Kalibartioun an Qualiteit vum Ecran... Do net jidereen dei selwescht Ausrüstung heut an och net selwecht kalibreiert heut asset immens schweier et do jiderengem Gerecht ze man....

Facebook zbsp, do kennt dann nach nees eng zousätzlech komprimeierung mat dobei an dann gesait en sou Effekter nach mei satrk.... mee am fong kann en just e Bild ordentlech um Pabeier betreuchten..... An dann interpreteiert nees jideren Farwen annescht... Vun dohier, kom mir sin net all ze iwerpingleg...

zu Da Foto, eng wonnerbar Serie, gefallen ma all Gud, woubei Nr 1,2 an 5 meng Favoriten sen.

p.s. Féliciatioun zu da weulverdengter Wochenfoto !
Jacques 08.02.2016 - 09:57
Do kann ech der net Recht gin! Ob engem Ipad kann een absolut keng Foto beurteelen, an ech hun och nach en Eizo Monitor an do geseit een se ochclosed_eye
Mee dat ass jidderengem selwer iwerloos welch Usprech een un seng Fotoen stellt.smile
ornitho 08.02.2016 - 11:27
Naja Jacques, mengen net daste recht heus, sen genuch Profien dei den Ipad als zweschen Etappe benotzen um Terrain, bei Clien'en etc... wann dem sou wir wieren se io all op da falscher Schiene.... paraport zu Dir..closed_eye Mengen Op engem ipad kannste berouegt en Jpeg mam richtegen Farwprofil um Ipad bewerten...!

Jo do kann esh Dir net helefen dann wann dein Ecran dei sou stark unweist... falsche Kalibrage, ze Stark kontraster, assen un engem Laptop mat enger 2 Ecranskaart ungeschloss etc.....

Jo Usprech sin extrem heich hei smile

Jacques 08.02.2016 - 11:33
Et huet keen Wert elo lang ze diskutéierenclosed_eye wanns du et net geseis well net heechen dass anner Leit hieren Schierm falsch kalibréiert hun!
ornitho 08.02.2016 - 13:56
Jo an Nee, mee et ass ok dann closed_eye
Abacab 08.02.2016 - 16:25
Merci villmools ornitho fir deng Appréciatiounen!

Dat mat den Tounwärtofress, dat ass eppes wat ech net esou richteg verstinn? Si trieden haaptsächlech bei onrouhegem Hannergrond a Kombinatioun mat schlechten Liicht op.
Déi Konditiounen wou mer zum gréissten Deel hei am Land hunn an der Naturfotografie!

An ech wees och net wat' ste als Fotograf bei schlechtem Wierder an onrouhegen Hannergrond bësser kéins maachen fir se emol guer net ze kréien?

Verstinn net , dass Adobe sech do nach keng afaale geloos huet fir dat einfach per Mausklick ze eliminéieren...

Bis dohinner bléift et en decke Problem deen esou richteg kann nerven, zumol wann een seng Biller muss kompriméieren fir se op de sozialen Netzwierker wëllen ze weisen unhappy

Dat mat deem Rauschen beimëschen asw. hellëft nemmen zum klengen Deel...

Hoffen dass Adobe an nächster Zäit eppes dofir brengt!
Val 03.02.2016 - 11:55
Einfach nëmmen Genial !
gemu 03.02.2016 - 12:23
genau esou, schléissen mech un
Abacab 04.02.2016 - 15:34
Merci villmools Val a Georges!
TT 03.02.2016 - 14:39
Super génial, ech giff di 1. printen weil déi fir all Mensch am verständlechsten ass, affaire de goût,
Bonne chance dass et nach dax ze knipsen ass.TT
Abacab 04.02.2016 - 15:35
Merci villmools Tony fir deng Appéciatioun!

Aus deem Grond wéi ech dem gunman geschriwwen hunn ass Nr. 1 haut an den Drock gaangen smile
noname 03.02.2016 - 22:07
déi 1.
Abacab 04.02.2016 - 15:36
Merci noname,

Aus deem Grond wéi ech dem gunman geschriwwen hunn ass Nr. 1 haut an den Drock gaangen smile
jorsch 05.02.2016 - 17:53
Eng super Serie.
Mir gefält di éischt och am beschten, d'Grënn hues de selwer schonns genannt.
Awer di 3. mat de Reendrëtonguesen huet och vill Charme.
Si hu mech och un deng super Foto vum Kaweechelchen am Schnéi erënnert.
Abacab 08.02.2016 - 16:08
Merci villmools jorsch, dat freet mech dass di 3te der och gefält!
Miau 08.02.2016 - 10:30
Felicitatioun
Abacab 08.02.2016 - 16:27
Merci Miau smile
Abacab 08.02.2016 - 17:22
dat Escher Kaweechelchen seet deene

*** MERCI ***

di him et erméiglecht hunn sech 1 Woch op der 1ter Säit ze weisen smile
rosch2014 09.02.2016 - 07:44
Felicitatioun vit deng Wochenfoto. Eng schein Serie.
Abacab 10.02.2016 - 17:01
en decke Merci rosch2014!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 404 Gäscht online