Ech war ënnerwee fir an de Cactus: ech hat leider nëmmen eng Tut mat Bréidercher am Auto. Hunn du séier dem JC ugeruff, deen huet de Kanounerouer ëmmer am Auto. Sou konnt wéinstens hien dat schéint Bild maache. Wéi ech ukomm sinn, war de Storch leider fort.
Et ass sou eng Saach mam Fotoapparat ëmmer am Auto hun. Dat kann och mol Nodeeler hu, wann di Dénger andauernd gestuckelt gin oder mol extrem warm oder kaal gin. An ët ass nët gesot, datt een Zäit genuch huet, fir den Apparat grëfbereed ze maachen, respektiv op een eng Plaz fënnt, wou ee spontan ka stallhaalen...
Ech hat dat och mol eng Zäitche sou gehaalen, hun et awer mëttlerweil opgin.
Am Fréijoer ass déi läscht Joer ëmmer een moies viru menger Dier an der Baach op Fuddersich gaang. Hunn en meeschtens nëmmen de Weekend gesinn, war awer secher och déi aner Deeg iwwert Woch reegelméisseg do.