Hmmm, et gett een sech méi fir heiansdo den Ufänger hei ze erklären wéi se et net sollen maachen an dann kennt sou eng Foto vun engem deen schon iwer 7 Joer hei drop ass..., strange Maimonides....
Genau esou, Paul....
Maimonides, waat ass unn Deser Foto esou besonnech ann waat wellst Du eis domat soen....
1. Fototechnesch ?
2. Beim Bildopbau ?
3. Message vum Bild ?
4. BEA ?
Een Porträä vunn mengem Auto, ann den Jean-Paul huet mier saachlech erklärt waat ze verbesseren ass. Esou soll ett sinn. Bildopbau, Fototechnesch ann BEA hunn ech mier schon Gedanke gemeet. Also normalerweis weisen ech hei keen Kabes wou keen eppes mat ufänken kann. Mecht joo mol keen Senn daats DU selwer mol net op eis froen Äntworten kanns. Zerweiten, Blummenwaasen oder stempelen vunn engem Desch hunn ann mengen Aaen absolut keen Message.
micky-maus,
du selwer hues di Fro fir d'éischt gestallt:
" Wat wëlls du eis domat soën ? "
Ech hun se just
op deng eege Foto ugewannt,
a bis elo keng Äntwert kritt.
Du siez dech jo elo net selwer,
oder wéi verstinn ech " eis " Froën.
?????? Hunn joo geäntwort. Ende der Diskusion. Hunn Verbesserungsvirschleih ewei emmer wollen hunn ann se kruut. Deng Antwort ass indiskudabel op main Kommentar. Ann elo äntworten ech op naischt mei hei, Du leisst Dier joo dach naischt soen.
Photogen
ass e Site
wou diskutéiert gët, Paul-H.
Ech hun xmol
bewosst
Fotoën eropgelueden
di diskutabel waren.
Kee Mënsch huet réagéiert
a schonn guer keen
huet seng Meenung
schrëftlich
hei hin geschriwen.
Ech sen mer bewosst dass Du gären provozéiers, et brauch een nemmen Deng Gallerie ze kukken. Do gett et vill Provokatives. Ech mengen awer net dass et heihinner gehéiert. D'Grënn dofir stin uewen. Et ass schwéier engem Neien hei daat ze erklären.
Huet näischt mat engem dennen Pelz ze din. Ech maachen mer just Suergen em desen Site wann sou "aal Huesen" wéi's Du sou Fotoen rop lueden an si bleiwen onkommentéiert.
Obschonn hei vill gebraddelt gët, huet bis elo nach keen des Foto konkret kommentéiert. Wann dat esou virugeet muss ech dat jo awer dann selwer maachen.
1. Vum Sujet hier ass di Foto ouni Intérêt, banal, langweilig. Et ass, am Fong geholl, guer kee Sujet do.
2. Fototechnisch gesin ass de Cadrage schlecht, et weess een net wat ee sol kucken. An rechts ass ee krommt Lach wat duerch d'Verzéihen vum Weitwénkel nach accentuéiert gëtt. Di Fotell am Verglach vun där vis-à-vis ass esou gewisen net diselwicht. De Menu an de Panneau op deem en hänkt si grad esou kromm. An di Fototechnisch Donnéen weisen op e Pragramm hin, deen hei just eng Noutléisung ass.
3. D'Bea ass minimalistisch: e bëssen Saturatioun a geschärft an e bessen um Liicht gekniwelt.
Am Résumé ass dat do eng schlecht Foto, an déi ass och net ze verbesseren well se, wi gesoot, ouni Geschicht, ouni Liewen, ouni Iddi an ouni Intérêt ass. Si kann héchstens nach als schlecht Beispill déngen, Paul-H. An als schlecht Beispill hun ech se gewisen.
Firwaat schreiws de daat net direkt enner Deng Foto dann wessen d'Novizen hei och direkt wou se drun sin. Titel: SCHLECHT FOTO. An dann Deng Erklärung direkt an de Kommentar.
Dat wär, zum Beispill, eng Iddi fir en Album opzemaachen: en Album vun exemplarisch schlechten Fotoën, déi awer dann vun aaneren missten kommentéiert gin mat konkrete Proposen fir et besser maachen ze können. An d'Leit géifen dann och léieren Fotoën besser ze kucken. Den Numm eleng vum Fotograf seet nach laang net emmer eppes aus. A mein scho guer net, Paul-H.
Meng Gedanken sin hei éischter mitigéiert, obschonn deng Foto reng teschnisch gekuckt exzellent ass. Deen well bal ofgeschniddenen mëttigen Cadrage hues du jo selwer erklärt. An dass de Flieger no vir flitt an d'Beem sich well bal no hannen tässelen ass schonn e klengen Highlight.
Dach, daat gett et Maimonides. Oft ass wuel relativ mee graad d'Micky-Maus (a meng Wéinegkeet) maachen daat alt mol.
Kukk mol hei: Rattem-Vue (Differdange)
An deem Fall sen ech souguer 2x mam deCla op den Tour gaangen fir him d'Grondbegreffer e bessen méi no ze brengen. Just fir HIM ze hellefen, net aus irgenengem Eegennotz. 2x e ganzen Nometteg. An ech mengen verstaan ze hun dass hien sech och mol mam Micky-Maus getraff huet.
Besonnesch hien huet sech bei deser Foto vill Méi gin fir Tipps ze gin wéi's de kanns noliesen. Ech kruut iwregens och eng Kéier Tipps vun him, och hien huet sech Zäit fir mech geholl. Deng "interlektuell héichwerteg" Bemierkungen (dixit pixelmann) an Éieren, si sen oft (net emmer) schéin ze liesen, mee et gett, wéis de gesäis och Leit déi een deem aaneren mat vill Asaatz vun Zäit hellefen. Och hei op photogen. An et ass meng wuel iwerluechten Meenung dass graad déi dann och d'Recht hun Dech ze froen waats Du mam roplueden vun deser Foto bezweckt hues. Ech denken mir kennen d'Diskussioun domadder oofschléissen, waat mengs Du?
"Nach net oft", Paul-H,
ass dat selwicht wéi "Dach, dat gett et".
Fir Gidfereen deen wëllt hëllefen: all Respekt !
Vieleicht gin et där och vill méi wéi ech mengen ?
An engem Album kéint een dat och besser suivéieren.
Du setz also express egaal waat hei drop fir dass en aaneren den Ufänger erklärt waat net gudd ass??? Maach daat léiwer selwer, well Du wees et besser wéi ech.
Also ech interprétéieren dat mol esou:
Ech kuken deng Gallerie, an dann denken ech:
- wow, ok, super, flott Idee, an dann e beemol 'hää?'
Des Reihenfolleg ass lo en Beispill an soll net mat den Fotoen verglach ginn.
An wann dat esou ass, dann denken ech mer och, tjo, e wollt irgendeppes domadder bezwecken, wees awer net direkt wat.
Mee gudd, et ass eng Foto. Mee trotzdem huet den Paul-H och Recht wann en seet, dat et schwéier get, engem Ufänger seng Fotoen ze kritiséieren, fir dat en besser soll gin, wann en des hei gesait. Dann denkt den sech, dat seng jo awer wéinstens sou gudd ass wéi déi heiten wär, an déi ass jo awer vun engem 'aalen Hues'
Neen, et ass a bleiwt eng Beleidigung fir all déi wou sech hei Méi gin dobäi bleiwen ech. Däin Drang fir d'Leit ze vergackeieren gehéiert net heihinner. Meng Meenung.
Wann nach vill méi Leit sich hei géife Froën stellen, dann géif dëse Site erem méi interessant gin. Am groussen a ganzen gett hei just deen alen Trott verbessert, an dat mat deenen neie Kameraën.
D'Iddiën an d'Fantasie bleiwen oft di al, bis op e puer Ausnahmen.