en Deier wat hätt net missten virkommen an da Natur ! anscheinend kennen dei Viecher 7 Joer iwerliewen ouni Nahrungsopnahm, sin immens Resitent ! trotzdem flotten Macro !
Jo, déi Doten brauch keen, mee et gëtt déer Déiercher nach esou. Merci fir däi Komment. Déi, an't Schlecken, dat sin déi eenzeg déi ech an't Këscht kréien, déi aner si mer all ze schnell
Merci Jacques fir däin Kommentar an och d'Info. Elo ass nees Zäit vun deene Plogeschter, d'Kaz gëtt all Dag ënnert d'Lupp geholl, an da kritt een halt esou Motiver virun d'Lens. Et kéint e bësschen méi Déifteschäerft dra sin, et war och net ganz hell deen Dag, ech hu probéiert ze blëtzen an och mat enger Rengluucht et versicht, et sollt esou net klappen. Benotz Du e Bletz, deng Biller sin jo ëmmer esou ëpes vu perfekt a super ausgeliicht
Jo et sin Plogeschter
Nee, ech benotzen nie en Bletz. Ech fannen dann ass d'Belichtung zevill kenstlech an du kriss och nach Reflexiounen dran wat mer guer net gefällt! Am beschten ass et jo moies fréi oder owes d'Fotoen ze machen. Vill vun mengen Biller fléien awer direkt an d'Poubell well d'Beliichtung net stemmt
Ganz interssanten Makro, esou kann ech di Biester mol aus sécherer Distanz kucken, an durno schnell an Toilette domadden, ech mengen awer elo net deng Foto