Iwwert 1/2 Stonn laang konnt ech em nokucken iir en sech dun décidéiert huet vir fortzefléien. An der Hoffnung dass désen raren Péiperléck an Zukunft erem méi héefeg zu Letzebuerg unzetreffen ass.
Also esou rar wéi den äthiopéschen Wollef ass en secher net Mee trotzdem wanns du deen all Dag geséis dann kanns du dech glücklich schätzen well desen Péiperléck steht op der Léscht als "gefährdet" an ech hun en an de läschte Joeren net oft gesin. Ech huelen un dass du en op engem Péiperlécksstrauch setzen has, well ech haat daat Gléck och virun 2 Wochen bei mir am Gaart. Et schéngt aawer esou wéi wann d'Populatioun sech géing erkréien laut Berichter déi ech gelies hun, daat well manner mat Pestiziden geschafft get...
eng schein Serie. dei 1 & 2t sin ganz flott, dei 3t ass mei schwiereg trotzden gut gelongen.
Bei eis hun ech nach nie esou een gesin an mir hun dées Gedeiesch vill hei.
Merci Jean-Marie. Déi drett fannen ech net esou super wollt se aawer wéisen well d'Sonn schéin duech d'Frilleken gestraht huet. Ech muss soen ech hun der elo 2 mool an 14 Deeg gesin an déi Zeit (Joer'en) virdrun keen, leider... Merci och vir den Fav.
Merci jorsch.
Ma ech hun en héi am Süden gesin, laanscht eng Velospiste téschent Zolwer an Eilereng. Zu Eilereng ass en opgeschottenen Hiwwel wou ech läscht Joer een gesin haat fléien...anscheinend maachen se daat vir d'Partneren unzezéien dass se op méi héisch geléen Koppen fléien. Deen héiten soutz natiirlech ennen am Gras.
Du werts laachen Gianni mee wei ech en gesin hun sou um Gras setzen hun ech geduecht ech géing dréemen. En plus witzeg well den Jorsch séin jo den Daag virdrun gepost huet. An wei ech en gesin hun haat en Frilleken schons auserneen....an ech wollt en onbedengt mat zesummengeklappten Frilleken...an dun huet en mer deen Gefaalen och nach gemaach. Et hätt jo och kennen sin dass en all Moment fort flitt wann en Frilleken bis auserneen huet an et waarm genuch ass...et woor emmerhin schon 08h00 an Sonn huet voll drop geschéngt, schon ongewéinlech dass en Frilleken nach eng kéier zesumme geklappt huet Mee heiansdo muss een Chance hun !