Deng Lensen hues de gudd an Szene gesaat. Ech verstin elo d'Reihenfolleg net, sou dat ech unhuelen, dats de keng dran hues. Einfach an deng Vitrine gegraff an een nom aaneren oofbeliicht, nee? Ech hätt vlläicht probéiert deng Rumm an eng aal Filmroll ze verwandelen, wär och gudd komm.
Jo, ech wollt am Fong matt ménger Rumm en Film undeiten. Daat ass eng gudd Idee matt enger richteger Filmroll. Merci fir den Tip
Et war bessen méi schwiereg eng Reihenfolleg fran ze kréien. Ech hätt vielleicht 1 oder 2 Objektiver missen op der Säit loossen.
Wann et déng Kollektioun ass, flottflott hues de e puer schéin stécker! Mee di Nikon F60 passt iergentwéi net richteg an déi Reih...
Flott iddi awer...
idde flott, emmsetzung och, iwwer d'rumm kann een sech streiden, mee waat mier net gefällt, ass, firun allem, dei foto ganz riets well se sou daischter ass par raport zu deenen aaneren. hues de se ennerscheedlech beliicht, oder u waat keint daat soss leien?
wirklech eng superschein idee! d'órdnung an der série gefällt mer wirklech suppergudd, och wann ech dei modeller net all kennen. mee deen 2ten vun lenk (oder sou en ähnlechen ) hu mir och nach doheem stoen.