Foto un sech ass richteg flott! Schei kadreiert and schein Farwen! Wat mech drun steiert ass deng Aussoe du haess een Groefilter benotz?!? Een bloen himmel gett dach net rosa vun engem Grofilter?Weieng Mark vun Filter ass et dann ?
Majo daat wuar e filter vu Cokin...
Gro net fir d'fuarwen ze änneren, mee fir oofzedonkelen, ouni de fliter wär den himml koplett wäiss gewirscht well en sou hell wuar an de buedem sou donkel, hoffen du wees waat ech mängen... Himmel wuar e besse méi orange, and'fuarwen hun ech sou kritt well dech d'Kelvin op mengem Apprat manuell sou agestallt hun...misst bei dengem och goen, hues jo dee nemmlechte wi de charel...
ahhh ok ...ech Kouh sinn lo einfach vum punkt ausgangen dass den Himmel blo war ..loll stemmt hun och schon mei wei eng Keier geflucht wann menf Sonnenennergang orange ginn sin ...hat mech elo schon amuseiert den cokin filter bei saemtlech blo himmelsfarwen ze haalen an sin einfach nie op dat resultat komm ...lollll
Einfach nememn TOP !
ech fannen dei foto ass einfach mega,
fier sin saefteg fuerwen (blummen etc,..) an hannen geet alles riwwer an een tristen mauven Sonnenennergang, einfach nemmen genial !
Hmm dach, do muss ech dech entäuschen, daat wuar e sonnenennergang suwäit ech mech kann erenneren! Me gudd dats de et sees,da kann ech di nemmlecht Foto d'next joer em bei sonnenopgang maachen, kéit mer virstellen dat daat gif besser gin, meechtens si sonneopgäng méi flott wi sonnenennergäng!
wow... geseit ass wi op eng toile gemoolt... et huet een daat gefill dat sech d faarwen am avantplan an am hannergrond widderhuelen... daat gefaellt ma!!
gudd geschafft!
Also Grënn wiren interessant ze wëssen, an äußerdem, wanns de se net gudd fenns passt däi Vote vu 7 guer nët, well alles iwer 5 ass emmer nach am Beräich wou d'Foto engem gefällt.
An ech fannen et net extra dass all déi Leit dei eng, oft fir gudd erklärte Foto, schlecht fannen, an dann KEEN Grond derbäi ugin. Gi se kee Grond un wisous e se schlecht fannen, gesin ech och kee Grond an wisou sou en Vote soll kënnen zielen, oder mengs de ech hätt daat fir näicht gemaach dass een reischt kann bewärten nodem een en Kommentar geschriwen huet? Jiddereen huet natirlech säi Recht eng Foto schlecht ze fannen, mee begrënnen muss en et och kënnen.
Huet eng immens Déift duerch dé Perspektiv, schéin Harmonesch Faarwen, an eng flott Ambiance! D'Blumme vier an den Sonnenennergang léisen bei maer awer e bessen e Conflict aus, well d'Aan net wees wouhin et soll fixéieren... trotzdem flott Foto! (hoffen dat as Begrënnung genug fier eng 8 !?) =;o)