Am Allgemengen kéints de méi mat den Faarwen spillen vir méi Stëmmung an d'Biller ze kréien, bei däer leschter hues de dat jo schonn probéiert. Den Hannergrond ass och net onbedéngt glécklech gewielt well en awer zimlech onroueg ass. Wanns de sou een hues, dann bau en als Bildelement mat an oder isoléier d'Model méi andeems de d'Blend méi op mëss. Wat has de hei vun Blenden?
Dann nach en Tipp vir dech an d'Model: passt op dat d'Mimik zu der Pose passt. Oft, virun allem wann d'Model et net oft mécht, vergësst een dat engt well een sech ze vill op dat anert konzentréiert. Bei der 4ter fält et besonnesch ob: wann ech den Kierper kucken denken ech 'cool, selbstbewosst' an dann passt dat liicht scheit Grinsen net richteg an d'Konzept. Do géif een 100% selbstsécheren Fuck-You-Bléck, liicht arrogant, perfekt passen. Menger Erfahrung no, hëlleft do ganz vill wanns de d'Pose net bis an den klengsten Detail virgëss, mee méi graff sees wat's de gäer häss an dann eng Emotioun vir gëss. Stil 'stell dech breetbeeneg mat den Hänn an den Täschen dohinner a sief arrogant'. Sou Saachen funktionnéieren och besser um Enn vum Shooting oder mat Modelen déi een schonn kënnen, wéi am Ufank. Do kann een (meeschtens) méi schei/léif an einfach Saachen maachen.
Merci fir deng Rootschléi, déi sin wëllkomm an ech hun och deels esou geschafft! Déi heiten Fotoen sin sou wéi mäi Model ass, ouni vill Pipapo, mee natiirlech an einfach! Bei mäi Moden passt en 'Fuck-you-Bléck' nët. Hunn nach anerer, mee och déi sin einfach a natiirlech.
Foto nr 4 a 5 sin mam 70-200 mat Blend 3.5 oder 4 gemach, méi onschärf gouf den Hannergrond nët a mat ganz opener Blend schaffen ech nët gären.
Wann sou eppes net bei d'Model passt, dann probéiert et am beschten och net. Mee do ass eben och deng Aarbecht als Fotograf d'Biller un d'Model un ze passen, an net 'stur' dat ze maachen wats de wëlls.