D'Place de la République ass gëschter bei herrlechem Summerwieder vun de Paräisser rëm entdeckt ginn, nodeem se immens flott aménagéiert gouf.
A wéi ee gesäit gefällt et net nëmmen de Kanner!
photo n1, wat assn do geschitt? do ass awer eng faul an der bea. riets mett hmm...
deet mer leed, ech man baal nemmen negativ kritiken, dh net dass ech d'bild schlecht fannen, mais eng positiv kritik fannen ech perseinlesch net als hellefreech.
ma, an du hues gutt An!
Da muss ech elo zouginn dass ech 2 Fotoen do kombinéiert hunn an et ass net ganz gelongen De Mann mat de grousse Gesten hei fir war net drop op der doten, an ech hunn den awer sou flott font niewt der Koppel.
Merci fir deng Kritik! ech probéieren nach et ze verbesseren awer net méi haut!
aaah jo genau wan een drop klickt, an ganz genau kuckt, gesait een d'helleschkeetsdifferenz an den biller. ech mengen am photoshop hues de dofier en tool.
MAis ech benotzen eng freeware vun canon: photstitch an sait kuetzem eng sach dei sech "hugin" nennt fier panoramen. ass ganz sophisitkeuiert an domat kriss de et secher hin.
Mais du hues recht, d'asss eng schein foto mat gudde motiver an interessant ze kucken wat do alles geschitt.