Moies oder Owesluucht gesinn ech elo hei net.. 1/100 sec. Léist awer op esou Liicht Verhältnisser schleisen. Wou Faarwen vum deem schéinen Hannergrond mam Aascht verschmëlzen. An di Natierlech Faarwen vum Aascht net méi ze gesinn sinn. An dat ass och schwéier fir dat nach eraus ze schaffen. Am Chitin Panzer vum Insekt ass Diewerstallung och ganz gutt ze gesinn...Dann sinn Esch alt erëm deen béisen. Awer du hues jo meng Éierlechkeet Eemer Appreciéiert MR. De Cadrage Passt op allefall..
Merci Conley
Deng éierlech Meenung as emmer wëllkomm
bei mir an soen dir merci fir däi Zäit déi's de dir
dofir geholl hues!
Dat héi war Moiesluucht an der praller
Sonn .Den Owend waert ech dann
mol kucken op sech nach eppes un der
Foto verbesseren léist
An de praller Sonn Makroen ze maachen ass jo net einfach oder esouguer onméiglech fir mech.
Een bedeckten Himmel mat liichten Wolleken wierken ewéi een Diffusor wat dann natierlech Beliichtungszäit nach méi erof schrauft. Oder een Diffusor benotzen an dann gëtt et schwéier.... mir hunn nëmmen zwou Hänn. Däin Makro un sech ass ganz gutt. An se ginn ëmmer besser. Lo gëtt et jo just nach ëm de Feinschleff. MR
Merci Conley
dat freet mech ze liesen!
Me den Feinschleff dat as jo fir mech den Reiz
bei der Sach:Eng Foto déi un sech
net schlecht as nach
kennen bessen ze optiméieren an do
fannen ech Meenung vun aneren Léit
ganz wichteg well selwer falen mir
esou Klengegkeeten net ëmmer direkt op
Mir och net ëmmer an sinn och frou wann een mir dat seet. Éierlech Konstruktiv Kritiken sinn och fir mech ganz wichteg. Näid ass do net erwënscht....mir mécht et freet Verbesserungen unzereegen an dann och ze gesinn...wat deen jéineschen draus mécht. Awer d'Entscheedung wat deen draus mécht ass dir oder engem aneren seng Saach. Opdrécken well ech hei kengem eppes...