Edit: Wéi ech an engem aanere Kommentar geschriwwen hun, du häss Chance, hues du mir geäntwert, du häss déch informéiert an dowéinst häss du Beschee gewosst, datt se ënnerwee wieren. Dat war net genee dat, wat ech mat Chance gemengt hat. Mais ech hat éischter gemengt, datts du Chance has, datts du déi Plaz, wou se Mëttespaus gemaach hun hei zu Lëtzebuerg, fonnt hues a konns Fotoe vun hnnen um Buedem maachen, iwwerdeems ech se just gesin hun, iwwer Kayl-Rëmeléng séch forméieren an iwwert méch ewech zu Fenneng um Veloswee a Richtung N-E weiderzéien.
di hunn net hei zu Lëtzebuerg Paus gemaach, Nico, du muss eng Kéier op de Lac du Der fueren, do begéins du der laanscht Stroossen, mä du däerfs net aus dem Auto klammen, soss sinn se fort.....
Also ech sinn am Hierscht sëcher ërem do, souguer ouni Biller amchen ass dat ganzt sou een eenzegartegt Naturschauspill .. ech mengen ech muss och mol onbedengt eng kéier an d'Uckermark erop .. do géif ech mech villeicht souguer dozou iwwerwannen lossen fir mech een Dag an een Häisschen mat enger Pissfläsch ansperren ze lossen fir d'Balz ze knippsen
Ass um Lac du Der gewiercht .. du hass däin Komment héi geschriwwen ier ech mam 'Kommentar vum Fotograf' faerdeg woar, d'Chance se héi am Land um Buedem ze gesinn/erwëschen hat ech nach nach nët
Du weess jo awer, datt ech de läschten Hierscht ee verloossene Kruckert zu Räichel an enger Wiss während e puer Deeg gesin hun, mais wéi ech eng Kéier de 70-200mm mat Konverter matgeholl hun, du war e fort...