Déi héi gefällt mer guer nët, déi gesäit total onnatirlech aus an den Kadrage sou flatsch an d'Mëtt ... do hues de der net vill Gedanken iwwert Bildobbau gemach
Merci Schluck
Den cadrage woar gär esou gewielt.
Mee am beschten du probéiers mool Makroen ze machen, do kanns du den Autofokus vergiessen, an wanns de dann munchmol stonnelanng an den Knéien setz dann hues du och deen Dach duerno nach eppes dovun......nähmlech en Muskelkater
Dat brauchs de mir nët ze soen .. ech hun schon méi wéi eng keier een Macro gemach. Wat huet dat lo mam mëttegen Kadrage ze dinn ? Wann's de dat gaer gemach hues ... wat ass dann den Grond dass de deen sou gewielt hues ? Villeicht ass mer jo eppes entgangen ...
gutt gelongenen S/W Makro
mat flotten Detailer,
do gesäit en jo all eenzelt Hoer
vun der Méck ,immens schéin och déi
Strukturen vum Blaat wou se
drop sëtzt! I like
Hm, ze Zentral an da Mett an irgendwei zevill um Blatt mam Blur gespillt, dei anner am Netz heut ma Besser gefall.. De Macro selwer ass awa Tiptop, just halt emestzung an da Künstlerecht..
Jo do gedet nach eng anner Metohd, dei de Schärfeverlaaf ma hei veroden heut op dem Bild, heuelen un dasste mat engem Lensbaby-Macro e Shift gemach heus vir Deifteschärf annecht ze verleen, oder leien Ech falsch ? oder e Soufflet kann nach an Froh kommen, deen kritt de gleichen Effekt hin normalerweis..
Naja, Ech schleissen Eichter draus daste Angscht heus dass Dir een hei eppes no mescht, well konstruktiv asset an mengen Aaen net hei em de Warmen brei ze schreiwen... Mengen wann ma all gleich ufänken esou, dann brauche ma keng Exif's mei preis ze gin an iwerthapt nach Foto ze kommenteieren, well just "schein a flott " engem ze schreiwen domader asset net gedoen !
Gief dat elo Eichter verstohen wannste eng Geheim Platz net wills frei gin, mee hei resseln Ech de kapp nach just !
Fannen du hues deng Méck op eng ganz flott Manéier regelrecht an d'Bild gesaat, an op eng schéin douce Manéier verschafft. Et ass eng ganz esthéthesch mise en valeur vun esou enger "einfacher" Méck. Wëlls du een Quadratformat gewielt hues stéiert mech hei den cadrage vum Motiv absolut net. Esou guer deng Rum gefällt mer, kéint mir virstellen daat doten bei mir opzehänken. Fir mech nees eng Top Opnaam
Erëm aus enger Méck en Elefant gemaach!
Mir gefält se immens gutt, besonnesch, well d'Schieter op der Glasplack och nach esou dezent awer gutt gerode sinn!