Ohh joo mat Architekturfotoen kann een sech stonnenlaang amuseieren, ann übung macht den Meister....
Perspektif (uewen lenks gett geschoss) an symetrie fannen ech gelongen, ass just een liechten giel-stach drann, doo haas Du wahrscheinlech den Waissofgleich ze heich stoen, leisst sech awer einfach op dem Pc corrigeieren.
Awer trotzallem eng flott Foto Dain Kino doo...
merci! Ech hunn dat Gielzecht express dra gemaach (traitement croisé an dunn desaturéiert am Picasa) well dat ursprünglecht Blo mir net gefall huet
Soll ech mol weise wéi et war?
Du muss just obpassen daat net alles giel gett, z.B. muss den Himmel emmer Himmel bleiwen ann däerf net ewei hei ann den Fäerftein "ersaufen".
Dat hescht ett muss emmer een Kontrast zwechen dem Himmel an dem Sujet bleiwen...
Fier den rescht vill Fotoen maachen, waat mei waat se besser ginn, maachen ereicht 1 1/2 Joer Fotoen ann hunn hei immens vill geleiert ann ett geet emmer weider. Och kannst Du hei vill gudd Leid em Rood froen ann kriss emmer eng gudd äntwoert ann ett gett driwwer diskuteiert.
Huel daat ze häerzen waat eis Spezialisten och bei aaneren Fotoen schreiwen ann probeier daat mol aus, ass alles net esou schweier wanns Du bessi verstehs waat Deng Knips mecht.(besonnech am Manuelen Modus)
Ah jo, dat mam Himmel hätt ech kënne besser maachen, do hunn ech guer net dru geduecht!
An jo, du hues Recht, et gëtt een ëmmer besser wann een sech drugëtt! merci fir encouragement!