Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

-- |

 
All Fotoen an dëser Serie:
33697 Thumbnail
33698 Thumbnail
33699 Thumbnail
 -- |
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.01.2013
  • Gekuckt:
    22482
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    d300s
  • Objektiv:
    Walimex Pro 35mm 1.4
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
LR3.6

Fir anzesetzen: [pg_img=69741]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hunn an dëser Serie mol bëssen mam Cadrage gespillt fir raus ze fannen wat mir am beschten gefält. Ech denken dat 1x1 mir am beschten gefält. Awer ech wärt déi aner awer och net läschen.

Kommentare wéi ëmmer wëllkomme.

micky-maus 08.01.2013 - 18:18
Salut, kann mech net zw. däer 1. ann 2. decideieren. Dei 3. fannen ech net gudd, ass keen Sujet fier am Pano... closed_eye
nebu 08.01.2013 - 20:55
Mexki Frank.

wat mir un der 3 gefält, ass dat den rietsen Drëttel duerch den Bam an Straicher schéin gefëllt ass an Bänk wou keen drop setzt sou schéin alleng ass. Ob mësch wierkt se wei absolut rou. Awer ech verstinn dat mam Panorama schonn an ech denken et gëtt méi Leit deenen den Panorama net sou gutt gefält . Ech well wahrscheinlech ze dacks eppes am Panorama gesinn smile Merci.
Conley 08.01.2013 - 19:08
Ech kéint mir och nach virstellen deen Bam ganz drop ze gesinn, an nach méi weit ewech. En bëssen minimalistesch am Niwwel. Awer di zwee eicht Kadragen gefalen mir schonn ganz gutt.
Un ausriichten hunn ech och nach geduecht, mengen awer du hues do di gëllen Mëtt gewielt.
nebu 08.01.2013 - 21:02
Mexki Conley.

Ech konnt ob där Platz den Bam net ganz mat drop kréien well ech nëmmen een 35mm Objektiv dobäi hat an Strooss, déi een bei dësen Opnamen net gesäit, Photo zerstéiert hätten. Ech hunn awer nach eng Photo déi Ähnlech zu dëser ass an een eenzelnen Bam weist. Bei Geleeënheet lueden ech déi Photo mol rop.

mengs du Ausriichten béi där drëtter?
Conley 08.01.2013 - 21:31
Eigentlech 1 an 2. Awer di Linnen vun der Bänk an dem Bam ginn kenn ritzen Wénkel. An dofir.. (mengen awer du hues do di gëllen Mëtt gewielt). Wann's de elo Bänk richt mëss dann ass den Bam ze Schief. Di gëllen Mëtt war schonn richteg nebu.
Jacques 08.01.2013 - 19:25
Waat den Cadrage ubelaangt fannen ech Nummer 1 an 2 ganz gudd,och wann den Baam net ganz drop ass. Mee daat ass a.d.gsmile
nebu 08.01.2013 - 21:05
Mexki Jacques,

jo ech fannen an sech dat ganz Interessant dat den Bam net ganz drop ass an ech denken dat ech sou geschnidden ha dat een och nach zum Bild gehéiert.

Miau 08.01.2013 - 19:50
fir mech ass de Quadrat di staerkst...
nebu 08.01.2013 - 21:06
Mexki Willy

Da freet mech dann sinn ech jo net alleng smile
Ted_Lapidus 09.01.2013 - 10:47
Absolut den quadrat ennerstraischt dei rouh op den bild! Dei aaner sin all zedynamech ... D' compositioun pass an desem fall och am beschten! Daat geet ee fav!
nebu 09.01.2013 - 22:52
Mexki Ted_Lapidus.

Ech mengen dann louch ech mat mengen Gefill jo net ganz falsch. Merci fir den fav.
chrYstal 08.01.2013 - 20:24
Deng Serie gefällt mer super gudd. Mäin Fav. ass no 2 smile
nebu 08.01.2013 - 21:08
Mexki chrYstal

an leschter Zäit man ech méi Fotoen am 1x1 crop. Ass rëm sou eng Phase.
jorsch 12.01.2013 - 21:27
Flott Serie. Gefält mer gutt, well den Niwwel esou flott d'Vue vun der Bänk opléist. Elo ass d'Fantasie vum Spectateur gefuerdert.
Quadratesch fannen ech am beschten. Dass de Bam ugeschnidden ass, fannen ech just spannend!
nebu 18.01.2013 - 20:44
Mexki Jorsch. Ech perséinlech fannen et och ganz interessant dat den Bam ugeschnidden ass smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 336 Gäscht online