Ech hunn an dëser Serie mol bëssen mam Cadrage gespillt fir raus ze fannen wat mir am beschten gefält. Ech denken dat 1x1 mir am beschten gefält. Awer ech wärt déi aner awer och net läschen.
wat mir un der 3 gefält, ass dat den rietsen Drëttel duerch den Bam an Straicher schéin gefëllt ass an Bänk wou keen drop setzt sou schéin alleng ass. Ob mësch wierkt se wei absolut rou. Awer ech verstinn dat mam Panorama schonn an ech denken et gëtt méi Leit deenen den Panorama net sou gutt gefält . Ech well wahrscheinlech ze dacks eppes am Panorama gesinn Merci.
Ech kéint mir och nach virstellen deen Bam ganz drop ze gesinn, an nach méi weit ewech. En bëssen minimalistesch am Niwwel. Awer di zwee eicht Kadragen gefalen mir schonn ganz gutt.
Un ausriichten hunn ech och nach geduecht, mengen awer du hues do di gëllen Mëtt gewielt.
Ech konnt ob där Platz den Bam net ganz mat drop kréien well ech nëmmen een 35mm Objektiv dobäi hat an Strooss, déi een bei dësen Opnamen net gesäit, Photo zerstéiert hätten. Ech hunn awer nach eng Photo déi Ähnlech zu dëser ass an een eenzelnen Bam weist. Bei Geleeënheet lueden ech déi Photo mol rop.
Eigentlech 1 an 2. Awer di Linnen vun der Bänk an dem Bam ginn kenn ritzen Wénkel. An dofir.. (mengen awer du hues do di gëllen Mëtt gewielt). Wann's de elo Bänk richt mëss dann ass den Bam ze Schief. Di gëllen Mëtt war schonn richteg nebu.
Absolut den quadrat ennerstraischt dei rouh op den bild! Dei aaner sin all zedynamech ... D' compositioun pass an desem fall och am beschten! Daat geet ee fav!
Flott Serie. Gefält mer gutt, well den Niwwel esou flott d'Vue vun der Bänk opléist. Elo ass d'Fantasie vum Spectateur gefuerdert.
Quadratesch fannen ech am beschten. Dass de Bam ugeschnidden ass, fannen ech just spannend!