Méi grouss wierkt se natierlech ëpes besser, mais ech denken 1000 Pixel an der Breet léisst sech awer och weisen
Dir och e grousse Merci BlackPanther.
Daat do ass awer vill Luew beieneen, an huelen daat dann och elo ganz perséinlech a soen dir 2x Merci Martine, ''steet bei dengem Avatar'', an ee Fav freet mecht natierlech richteg.
Marc
..tjo, ...ech sin selwer e bëssen iwwerascht iwwer den Uklang vum Bild hei um Site..!!
Fir d'Gratulatioun op jidde Fall e grousse Merci Martine, daat freet mech.
Hun naischt un de Faarwen gemach, dee speziellen Effekt entsteht durch de reduzéierten Grofilter an déi lang Beliichtung. Och dir een duebelen Merci gemu, daat freet mech natierlech.
en 99,9% riichten Horizont, eng genial Diagonal an daat dei , wei den titel schon seet, smooth texturen machen alles an allem eng genial Foto heiraus !
Top !
Wann ech deng Comments heiensdo beim Zora kucken dann ass ët mir hei awer elo gutt ergangen mat 99,9%
Nee elo am Eescht, den Horizont u sech ass net onbedingt de Probleem, mais je no deem op wéi enger Héicht e sech am Bild befënnt brengt d'Erdkrëmmung een zum Verzweiwelen, vu dat beim Entzerren heiensdo an der Mëtt vum Bild eng liicht Deformatioun entsteet déi net glëcklech ausgesäit.
Freet mech jiddefalls dat d'Bild dir gefällt Gaga, an dofir e grousse Merci.
jo richteg, einfach den Lineal-tool am PS un Eck zu Eck ausrichten, dann hues de weinstens en niveau. also riets a lenks wou den horizont aus dem bild geht. Dei Sachen sin zumols um www ganz flagrant well een emmer vill Horizontal Linnen uewen an ennen huet , wann dei am Bild dann net parallel as, steiert daat direkt. hei as et awer effektiv minimal.
..ganz genau, wann den Horizont no um Bildrand ass geet daat mat deem Tool genau esou gutt wéi wann's de evtl. eng tonneförmeg Verzerrung vun der Wäitwenkeloptik muss korrigéieren. Hei an dësem Fall waren ët 48mm op engem DX-Sensor, do huet daat sech awer alles a Grenzen gehal.
Op jidde Fall awer nach eng Kéier e grousse Merci fir de Fav. Gaga, dee freet mech besonnesch.
Merci Abacab. Ech sichen esou Liichtstëmmen, an déi allermeescht Biller machen ech ier d'Sonn opgeet, resp wann se verschwonnen ass.
Merci fir däi Comment.