Tjo! Leider wunnt net jidereen zu Rammerech mat Vue imprenable op d'Guttland. Mais dofir bass du jo méi no bei photografesch interessante Vullegebidder wi ech. Ech muss just op déi Piepsmatzen a méngem Gaard hoffen...
Merci Jacques. Et ass och eng Erausfuerderung fir ee Pano vun esou Stëmmungen ze maachen, well dat net einfach as, fir eng equivalent Beliichtung vu Foto zu Foto ze kréien. Hei ass et jo nawell gudd gaangen.
Grandios deng Opnamen, mat oder ouni Auto oder als Pano. Wéi ech geschter ouni Knips mam Hond während dem Spektakel ënnerwee wor hun ech gehofft dat ech haut nach emol ëpes dovunner gebueden kriet. Ech wunnen och net op der Kopp, esou dat ech bei sou engem Himmel ëmmer nëmmen muss den Fanger an den Mond huelen.
Merci. Mais ech wëll awer och betounen, datt et nët ëmmer flott ass, op der Kopp ze wunnen. Normalerweis hu mir hei vun November bis Februar Dauerniwwel, wann do nidden an den Däller an am Guttland bedeckten Himmel ass.
hehehe
hun den gescht och geknipst wou ech vum Zuch komm sinn...an hun dobai missen un dech denken, do uewen op den Koppen as et nach besser fir Sonnenennergäng ze knipsen...bei mir gesait een net grad souwait...
Flott Faarwen, war wierklech een schéint Schauspill (bei souvill Reen bessi onerwaard)
Mol kuken op ech aus mengen Fotoen eppes rauskreien...
et geet...do wou et interessant as, as eng Heischspannung am Wee (vun der Kapelle roof bei dSNCT) an Riichtaus gesait een just bis kuerz iwwer Ww, daat geet net duer fir Déift an dBild ze kréien....(as emmer nemmen EEN Dall op der Foto...)
Et mengt ee grad, déi géifen di Héichspannungen express dohinner setze, wou d'Landschaft nach eenegermoossen intakt ass a fotografesch interessant. Bei eis ass dat net aanescht, wann een a Richtung Südoste kuckt.
Do hues du recht. Virun allem och well et a Wirkléchkeet jo all Minutt aanescht war an et och net an all Himmelsrichtung tselwécht war. Hei no Westen ass dat jo éischter ee klasseschen Sonnenënnergangk. Mais no Süde gekuckt war den Himmel ganz komesch mat grobrong, hellbloe Wolleken iwwert dem Dall a rosa Wollécken an der Héicht. Dat war och impressionnant.
Immens Nico, datt's de se esou grouss eropgelueden hues. Fuerwefeierwierk ass dat richtégt Wuert; immens déi 3 Schichten an de Baam, dee jhust do, wou séng Äescht ufanken an dat roud-orange eriwwergeet, je eng super Bildandeelung.
euuuh ... wou war ech dann? ech war dach am Land? hun näischt mattkritt :-(
bon, ech wor och deen ganzen Daag an Nuecht um Laptop fir ze schaffen ... mee, wéi? ech duecht ët hätt deen ganzen Daag gereent?
Nico, déi ass zwar XLNT
och wanns du nët fir den Sujet kanns , hues du en immens gutt cadréiert an "subliméiert"