Den Elch ass eis dessen Summer am Grand Teton N.P. (Wyoming) iwert den Wee gelaaf. Ass schon impressionant sou een groussen Elch vun No ze gesin. Am beschten hued mer sain laangen Bart gefall :-)
Merci......jo National Park'en an Nordamerika kenn ech dir nemmen rekommandieren. Sin zwar och vill Touristen do, me wann ee zech just bessi vun den Haaptplatzen fortbewegt dann ass een direkt alleng an kann Natur geneissen
Ha super erwecht deen dooten,...woor och dest Joer am Grand Teton an hun en männlechen Elch mat engem weiblechen gesin. Leider loung hien up Buedem an all Mensch stoung ronderem ze waarden dass en opsteet, en huet eis deen Gefaalen aawer leider net gemaach an no 2 stonnen waarden ass et mir dun duergaangen Weini woors du dann do, mir sin eis bestemmt baal iwwert den Wee gelaaf, ech woor Enn September do ? Muss meng Serie vun den Elchen mool nach roplueden, haat och een beim Maligne lake gesin...
Am Grand Teton war ech vum 24-26 August......me vum Wierder hier war et net ganz super, war extrem vill Smog an der Loft vun Beschbränn, den eischten Daag hued een vun den Viewpoints Teton's Bierger mol net gesin
Ma ech woor een Mount méi spéit do, bei eis woor d'Wieder och net super mee daat haat mat engem Wieder ze din waat eriwwer gaangen ass wéi mir do wooren. Mir haaten am Glacier NP immens Pech well do woor duech Beschbränn och néicht ze gesin...
ach man, ech si souuuuuuuuuu jalous... ech wor lo scho puermol an Amerika a Kanada, ennert aanrem nach am Mee och am Grand Teton, an hun nach nie een Elch gesin...