Hei ass et eng kéier esou en Hellt oder Heldin ginn deen eng Méck an den Frigo geluecht huet an datt dann och nach dobäi geschriwwen huet, an dann Stolz wéi Oscar seng Foto gewisen huet. Se hat et och nach net Iwwerlieft. Well der datt op kennem Fall ënnerstellen, wollt der dat just soen. Watt et net alles gëtt.. Deng Foto gefällt mär gutt MR.
Merci Conley
Däi Méckenmakroen wous du do ungeschwaat hues,
hun ech och héi gesin.
Ech geng nie Déieren dout machen fir se ze
fotographéieren,
en plus wanns de genee kucks
erkenns de direkt an den Aen vun enger Méck
wann se net méi lieft(glanzlos an liecht schwarz)
oder si huet eng komesch
onnatiirlech, verkrampften Haltung.
Dann kuck meng Méck déif an d'Aen
dann erkenns de dass se um Liewen ass.
Ech garantéieren dir dat héi ass eng
glécklech Remerschener Méck.
Kuck meng Libellen,
déin hun all en Grinsen am Gesiit
An all meng zukünftesch Makroen
déi ech héi nach wäert presentéiren
sin och um Liewen virdrun an durno.
Merci awer dass de dat Thema ugeschwaat
hues , dann konnt ech dat och lo eng Kéier
kloer stellen.
Fir mech, Déieren dout machen
fir eng Foto
ass een
NO GO!
Deng Macroen sen Super Martine, de Rapport vun da vergreisserung ass schon Erstaunlech hei ! Mat weiengem Bletz schaffste hei ? Esh notzen ab und zu vir Macroen den Twinlite MT-EX 24 Bletz vun Canon, domader kann een sech Bletzkäp prezies astellen vir Belichtung.
Als Blëtz benotzen ech den
Canon Macro Ring Lite MR-14EX .
Foto ass dobaussen an der praller Sonn gemach gin
ouni Stativ.
Ouni Blëtz huet een schnell seng Limiten
erreecht wat Vergréisserung an
Schäerft unbelaangt.
Wann esh mesh nach richteg arenneren dann ass beim MP-E-65 och seier schluss wann een iwert e Rapport vun 3 hinaus geht well de Viseur jo och emmer mei Donkel get an een manner besser gesait.. Dat gleewen Esh da dass do seier Limiten arrecht sen wann een ouni bletz schaft, well waste mei an Vergreisserung gees, wat den Schärftedeiw erof geht waste dann jo nees mat ofBlenden kompenseieren muss, wat desh awa zwenk deng kompromisser an da Verschlosszait oder Iso anzegoen. Hun e Kolleg deen schaft och mat dem Objektiv an deen schaft iwert da Vergreisserung x3 mat engem Macroschlitten an dann meschten peur Opnahmen an vereschnet dann all Fokusebenen iwert e Programm zesummen. Awa ass Immens Opwenneg
Dat ass objiderfall dei Richteg astellung awa Ab und Zu muss een och schon Zefriedden sin mat dem wat een ereecht heut, well deng Macroen sen schon elo un engem Ganz heigen Niveau !