Villmols Merci Photom. Et freet mech wann se gefällt. Ech hätt se gär nach e bessen anescht gemeet, fir d'Saxofonen vun denen zwou Säiten besser zur Geltung ze brengen, ma ech wollt nit bis an d'Strooss stoen goen, et war relativ vill Verkéier. Ech hat hei schnell afgedréckt,wi grat kee koum
Villmols Merci Jeanny
Jo, ass scho speziell mat deenen Saxofonen op der Bréck. Wi ech dat di éichte Kéier gesin hun, duëcht ech, et wär graat e Musiksfest an der Stadt an dowéint wären déi extra opgestallt gin. Mä lo wees ech, sie stinn ëmmer do.
bei der zweeter häss de kennen een Schratt zereck goen, dann wär Spetzt vum Kierchentuerm och nach drop komm, bei der eischter e beschen riet zéien, trotz allem eng originell Serie, dei mer gud gefällt
Jo, ech muss zougin, ech hat mech e bessen vill a laang mat PS auserneen gesaat wéint den perspektivischen Verzerrungen. An ech war och nit grat ganz iwerzeecht vum Resultat (mä ass emmer nach besser wi d'Original, do war alles kromm an no hannen gekippt, einfach schrecklich...). Durch d'Skaléieren ass dann och d'Spëtzt verluer gang. Mä gudd gesin Zora, an Merci fir däin Kommentar. Et freet mech, dat d'Serie trotzdem gefällt, mat denen klengen Fehler