Flott gesinn di Spiegelung am Séi. Et kennt gutt zur Geltung duerch di rout Faarw.
Däi jpeg huet 152 kb mat enger Opléisung vun 800x600, um I-Pad ass do kee Problem, mee um grousse Schierm gett et e beschen enk. Profitéier rouheg deng 700 kb.
Salut,
Du kanns ann denger Opleisung bis max. 2000 Pixel ann der Heicht resp. Breet eropgoen ouni dei 700 kb ze iwwerschreiden.... muss bessi probeieren bis de op ca. 650kb kenns.
Een gudden Gratisprogramm ass deen heiten:
Soweit ech mat kritt hunn, hues du e Mac.
Wannste kee Photoshop drop hues kannste dat och am Iphoto machen.
1) Foto uwielen
2) op File (datei)--> Export goen
3) Size(Grösse) -->custom(selbst definierte Größe) -->1200(ass eng gutt Mooss)
4) Qualitéit op medium oder high dasste ongeféier zweschen 600 an enner 700 kb léis.
5) Export
Dat war et schonns.
leider en ze langweilegen Bildopbau... de Bleck geht op t'Gebei, ouni Teschenstop, dann nach op t'Schreft, a wann een daat geliess huet as alles eriwer ... leider.
Nah e klengen Tip : Ech hätt probeiert t'Gebei ganz genau vun 90° ze huelen, oder, et nach mei vun der Seit, dats de eng Besser Bilddiagonal mat de Linnen kritt häss (Ufer an Gebei)
Wann daat elo verständlcech as ...