Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

O Crux Ave, Spes Unica!

 
O Crux Ave, Spes Unica!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.08.2012
  • Gekuckt:
    9173
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1840x1228
  • Späicherplaz:
    448 KB
  • Originaldatum:
    2012:08:28 22:59:29
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66128]
Kommentar vum Fotograf:
"Von der sechsten bis zur neunten Stunde herrschte eine Finsternis im ganzen Land."
"Da riss der Vorhang im Tempel von oben bis unten entzwei. Die Erde bebte und die Felsen spalteten sich." ....
(Mt 27,45 an Mt 27,51)
Zora 29.08.2012 - 00:04
Do wär ern Karree bestemmt och flott, gefällt mer gud an sw passt hei closed_eye
chrYstal 29.08.2012 - 10:24
Villmols Merci Zora. Et sin meng éicht Versich am PS. SW huet mer och méi passend geschingt fir d'Dramaturgie vun der Kräizigungszen besser zum Ausdrock ze bréngen. Am Farwigen wär d'Foto éichter onintressant gewiëcht. Ech hun express héich Kontraster gewiëlt... et war mol ee Versuchclosed_eye
mischii 29.08.2012 - 00:07
sorry, hei gesin ech net richteg waats Du eis wels weisen
fototechnesch gesin ass fir mech de Sujet ze vill an der Mëtt an et kann e keng Detailer gesin, well et ze däischter ass
Den Himmel par contre ass staark iwwerbeliicht an d'Wolleken einfach ze vill ausgefriess
chrYstal 29.08.2012 - 10:53
Ech gin der recht, deng Bemierkungen sin ganz richtig. Fir d'éicht mol ass mäin Titel an mäin Kommentar schlecht gewiëlt, sou datt een sech ka froen, wat daat soll. Ech versichen daat mol emzeänneren. Mech huet daat Kräiz do an der Landschaft laanscht d'Strooss ganz einfach ugesprach an hun mol eng Foto gemeet (den Himmel war bloo). Ech wollt awer eppes méi draus machen, méi Dramatik an d'Bild kréien, dofir hun ech sw gewiëlt an héich Kontraster. D'Wolleken wierken zwar dodurch éichter ausgefriëss, ma mer huet dat besser gefall, steigert nach d'Dramatik. Ech stellen mer daat sou viir, "den Himmel gëtt schwarz, Blëtzer erhellen d'Nuecht an den Donner kraacht....". D'Motiv ass zentral, ma ech fannen et nit onpassend well genau an der Mëtt vum Kräiz deelen sech d'Wolleken. An well ech méiglichst vill vum dramatischen Himmel wollt hun, dofir hun ech nit Héichformat gewiëlt (haat daat och probéiert). Ma secherlich kann een dëst Motiv nach vill besser duërstellen an mi spannend kadréieren. Et war een vun mengen éichten Versich mam PSsmile. Villmols Merci fir däin éierlichen Kommentar, nemmen sou kann ech eppes bäiléieren, mech selwer a Fro stellen an driwer nodenken wat ech kéint besser machen closed_eye
Jeanny 29.08.2012 - 07:25
hätt se riets och e bëssche geschnidden, awer soss gefält Foto mir ganz gutt, ganz flott verschafft
chrYstal 29.08.2012 - 10:29
Villmols Merci Jeanny. Ech wollt mech och mol e essen am PS probéieren. De Sujet huet sech ugebuëden fir en dramatischen Himmel ze zauberenclosed_eye
orlok 29.08.2012 - 07:41
Fann ech ganz gudd.
Deen dramatéschen Himmel, an d'Skulptur kënnt och schéin zur Geltung.
chrYstal 29.08.2012 - 10:34
Villmos Merci orlok. Dat wollt ech eigentlich mat deser Foto erréchen, en dramatischen Himmel iwert dem Kräiz..... closed_eye
Gaga 29.08.2012 - 23:20
hmmm, jo ... ech wees et nach net ... gin nach en tuer machen an kommen erem ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 626 Gäscht online