Eng ganz schéi Foto,; si sprëcht méch wirkléch un, well ech méch fir Musik interesséiren a vun Zäit zu Zäit och an d'Philharmonie ginn.
Ech ka méch nët décidéiren, watfir eng Versioun mer besser gefällt; faarweg ass schéin, mee SW huet och säi Charme. An d'Musikerin huët op alle Fall e sympathéscht Gesiicht.
Et ass jhust ee klengen Detail, dee méch e bëssen zusummenzucke gedon huët, an dat ass den Titel: Chello.
"Cello" ass d'Ofkierzung vun "Violoncello" a gëtt, well et en italienéscht Wuërt ass, ëmmer ouni "h" geschriwwen.
Mee ech huëlen da mol un, dat di léif Künstlerin "Chello" mam Virnumm heescht. Ëmmerhin wier dat jo méigléch.
Merci fir däin komentar,sorry fir den fehler wost et net besser domat hun ech haut nees eppes beigelèiert. Verbesseren et direkt. Kanns se jo nach e puer mol kuken an mir dann soen waatfireng dir besser gefällt.
Béid Fotoën gefale mer gläichwerteg gudd.
Ech selwer sinn SW- & Sepia-Fan, fotograféiren awer oft datselwécht och faarweg. Oft kann ech méch do nët décidéiren.
Bei Dénger Foto géif ech mengen: Do steet Dokumentatioun (SW) géint Poesie (Color).
D'Realitéit ass jo ëmmer faarweg. Wat mer do bei Dénger Opnam gefällt, ass déi Tatsach, dat d'Faarwe schéin duuss sinn, wat dem Charakter vum Bild entsprécht.
Mee SW beréiert méch och ... Di 2 Fotoën niewteneen als Serie ... dat wier an deem Fall och vläicht eng Iddi gewierscht.
Jo,den probleem mat der serie. Ech hun eng erklärung bei dèi faarwech geschriwen... Waat d'faarwen ugin hues du recht dofir hun ech dèi 2 och gedrèckt mais och um pabèier Kommen d'faarwen ganz schèin eriwer. Persèinlech fannen ech se faarwech besser wèll ech wees dass vill faarwech spoten do woren dèi all natiirlech faarw an engem aaneren faarwtoun erschèinen geloos hätten. Bei der dooten haat ech vill chance bei aaneren nèt, mais dèi kann ech kèngem faarwech weisen. Villeicht just dofir,ech wees et nèt.
Och wann d'Faarwen wierklech flott sin fannen ech dës Versioun besser, de Sujet ass prädestinéiert fir e s/w; d'Growäerter vum Gesiicht wierken um Ecran eng Grimmel flaach, wéi's de mer de Print gewisen hues, hat ech nët déi Impressioun.