Schneid bei der éischter dat hellt Stéck ënnen ewech, dat lenkt of. Bei der drëtter ass lénks ënnen och en Element wou oflenkt, dat kriss de leider net méi erausgeschnidden. Pass op, wann s de kadréiers, dass näischt de Sujet vum Bild ongewollt verdeckt.
Ech wärt probéieren beim cadréieren och méi an Ecker ze kucken. Ech fillen mech béi Street Photoen nach net ganz wuel an huelen mir nach net genuch Zäit well ech fäerten eng Situatioun ze verpassen. Zu Wien schéngen Leit awer gewinnt ze sinn Fotoapparaten ëm sech ze hunn an klicken vum Spigel lenkt se net of.
Ech hunn déi éischt verbessert an als 4 bäigesat. Lenkt dech béi der drëtter Gelänner oder déi Tablette of, oder eppes aneschter. Hunn Gelänner an den deel vum Schaaf cadréiert fir bëssen méi déift ze kréien an well Linnen sou schéin Richtung Persoun lafen.