Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schlecker...

 
Schlecker...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2012
  • Gekuckt:
    13205
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/480 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    23.7 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x563
  • Späicherplaz:
    330 KB
  • Originaldatum:
    2012:03:07 21:51:29
  • Fotoapparat:
    X10
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:
LR 3.6

Fir anzesetzen: [pg_img=62447]
Kommentar vum Fotograf:
Hunn mol probeiert eng Street Photo anzefänken … Sinn mol gespaant wat dir dovunner haalt…

Konstruktiv Kommentare sinn wéi ëmmer erwënscht.

Pixelman 08.03.2012 - 08:14
Ech gesinn hei en Street wou ech net wés waat den Fotograf well matdélen, E Stéck vum lenksen Buttek, dann den Schleckerbuttek wou en un den Sozialkonflikt denkt, dann dé Baam an der Met den méi stéiert ewéi e gut mescht, mengen e Street geséit anescht aus.
Muss dozou soen bei menger Kritik dass én sech muss méi lang op d'Lauer léen fir eng gut Szén anzefänken.
nebu 08.03.2012 - 20:36
Mexki fir den Kommentar

... dann hunn ech mir Saach an dem Fall villäicht ze Liicht gemaacht an et muss en Photo dann éischter als Schnapp Schoss gesinn. Hunn zwar un de Sozialkonflikt geduecht. Dowéinst den Baam an Schëld déi den den Logo verstoppen an sou ee bëssen ob Zerbréckelen vun der Firma hiweist. Awer dann ass den Baam wuel ze Dominant an verstoppt Noriicht.. obschonn den stoung jo do smile nee ech verstinn wat gemengt ass an ech sinn Frou wann een mir virun hëlleft. Wei ugemierkt muss ech versichen dat däitlecher ze man

Zousätzlech hunn ech mech awer och op Detailer wéi Graffiti, zou gepechten Dier, Klimaanlag, Alarmanlag, Reflektiounen konzentréiert. Ech wollt och den Cola Automat drop kréien awer den Wénkel hunn ech dunn net sou hin kritt ouni dat Bussen drop sinn... An natierlech hunn ech rëm 16:9 Format am Kapp gehat. Iddi fir Teinung ass reischten am PC dobäi kommen.

Gelauert hunn ech an sech net sou laang musst just een Moment erwëschen wou eng Persoun am Rietsen deel Laangs geet (wéint dem Schlecker) an dat keng Bussen an Autoen um Bild sinn.

Kann eigentlech een ee Buch / Link zu dem Thema Street virschloen?
Metalbambi 08.03.2012 - 10:24
Du hues de selwechten Problem wéi ech am Ufank hat, nämlech dat et engem richtegen Motiv feelt. Muss no interessanten Situatiounen sichen, ob se lo witzeg, traureg, kritesch,... sinn.
nebu 08.03.2012 - 20:38
Jo hunn mech bei der Geschicht dann dach ze vill ob Detailer ronderëm konzentréiert an hunn domatter Noriicht kapott gemeet unhappy

Mexki fir den Kommentar
Zora 08.03.2012 - 11:06
Kann deenen aaneren nemmen zoustemmen, d'ass zevill onderem waat vum Haaptsujet oflenkt, dem Titel no wolls dei jo den Schlecker weisen, dann wär et och gud gewiercht, wanns de ganz Scheld drop gehaat häss, sin awer och keen Expert an der Kategorie, mengen daat wees de josmile
nebu 08.03.2012 - 20:41
Jo wéi gesot sollt dat an sech undeiten dat Firma zerbréckelt. Den Baam war dann wuel ze Dominant. Eng Persoun déi virun dem Buttek bal géif Falen wär Top gewiescht. Konnt dat awer leider net provozéieren. Och besser sou smile

Mexki fir den Kommentar
Zora 08.03.2012 - 21:18
Haha, esou eng Bananenschuel dei bemol do leit, fällt kengem obclosed_eye, dei nächst get bestemmt besser, vill Spass beim knipsenbigsmile
nebu 08.03.2012 - 21:28
Gutt Iddi. Wollt een Seel spannen. Ech mengen dann kann ech vu Laachen net méi knipsen smile
Zora 08.03.2012 - 21:40
Megalollbigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 701 Gäscht online