Ech gesinn hei en Street wou ech net wés waat den Fotograf well matdélen, E Stéck vum lenksen Buttek, dann den Schleckerbuttek wou en un den Sozialkonflikt denkt, dann dé Baam an der Met den méi stéiert ewéi e gut mescht, mengen e Street geséit anescht aus.
Muss dozou soen bei menger Kritik dass én sech muss méi lang op d'Lauer léen fir eng gut Szén anzefänken.
... dann hunn ech mir Saach an dem Fall villäicht ze Liicht gemaacht an et muss en Photo dann éischter als Schnapp Schoss gesinn. Hunn zwar un de Sozialkonflikt geduecht. Dowéinst den Baam an Schëld déi den den Logo verstoppen an sou ee bëssen ob Zerbréckelen vun der Firma hiweist. Awer dann ass den Baam wuel ze Dominant an verstoppt Noriicht.. obschonn den stoung jo do nee ech verstinn wat gemengt ass an ech sinn Frou wann een mir virun hëlleft. Wei ugemierkt muss ech versichen dat däitlecher ze man
Zousätzlech hunn ech mech awer och op Detailer wéi Graffiti, zou gepechten Dier, Klimaanlag, Alarmanlag, Reflektiounen konzentréiert. Ech wollt och den Cola Automat drop kréien awer den Wénkel hunn ech dunn net sou hin kritt ouni dat Bussen drop sinn... An natierlech hunn ech rëm 16:9 Format am Kapp gehat. Iddi fir Teinung ass reischten am PC dobäi kommen.
Gelauert hunn ech an sech net sou laang musst just een Moment erwëschen wou eng Persoun am Rietsen deel Laangs geet (wéint dem Schlecker) an dat keng Bussen an Autoen um Bild sinn.
Kann eigentlech een ee Buch / Link zu dem Thema Street virschloen?
Du hues de selwechten Problem wéi ech am Ufank hat, nämlech dat et engem richtegen Motiv feelt. Muss no interessanten Situatiounen sichen, ob se lo witzeg, traureg, kritesch,... sinn.
Kann deenen aaneren nemmen zoustemmen, d'ass zevill onderem waat vum Haaptsujet oflenkt, dem Titel no wolls dei jo den Schlecker weisen, dann wär et och gud gewiercht, wanns de ganz Scheld drop gehaat häss, sin awer och keen Expert an der Kategorie, mengen daat wees de jo
Jo wéi gesot sollt dat an sech undeiten dat Firma zerbréckelt. Den Baam war dann wuel ze Dominant. Eng Persoun déi virun dem Buttek bal géif Falen wär Top gewiescht. Konnt dat awer leider net provozéieren. Och besser sou