Haut den Moien um Wee ob Aarbecht hunn ech mir geduecht dat ech X10 och mol an der Dämmerung kennt probéieren an hunn ee puer Biller um Stafelter gemeet. Dëst ass dann Resultat…
flott Serie, an däi lescht ass mäi Fav,
e Stéck Bësch, an de Bléck duerch Lach, heet villäicht just Mauer e bësschen aus der Mëtt eraus geholl, dh, lenks an ënnen e bëssche geschnidden, ass meng Meenung , awer deng Foto
interessant resultat, bei deenen strukturen wier et interessant gewiercht och nach en focus bracketing ze probeieren.
mier gefaellt dei drett ganz gudd, gesait aus wei eng quadratesch foto matt speziellem passe-partout
Wat mengs du genau mat dem Focus Bracketing? Ech kennen dat jo vun der Beliichtung awer wéi ass dat beim Focus Bracketing ze verstoen... verschidden Punkten?
genau esou
eng keier op den hannergrond scharf gestalt, eng keier op daat holz mam quadrateschen lach an daat ganzt dann am photoshop iwereneen geluet, an schon kriss de no ansaatz vun radiergummi oder wei daat heescht en bild waat iwerall scharf ass, geif menger meenung no en interessanten effekt gin.