Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Saalbach Hinterglemm

 
Saalbach Hinterglemm
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.11.2011
  • Gekuckt:
    20333
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x571
  • Späicherplaz:
    584 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60580]
Kommentar vum Fotograf:
Fir iech e bessen Loscht op de Wanter ze maachen...och wann et hei net duerno ausgesait.
Zu der Photo: 3 Reihen à 19 Photogen mecht en Total vun 57 Photoen am RAW....opgeholl mat Stativ an Nodalpunktadapter. Heiheem hun ech se mam Cameraraw jeweils zwou Blenden enner an iwerbeliicht, an hun se dun mam Ptgui zesummengesticht. Duerno mam Photomatix e Pseudo Raw gemaach, 1223538739900 Sensorflecken ewech gemaach an daat wor et.
Zu der realer Greisst: 21017*5996 px sprech 177,94cm*50,77 cm grouss, daat bei 300 px/inch-->1,13Gb
Jean-Jos 29.11.2011 - 22:32
Wahnsinn déi doten (a nach méi, wann een däi Kommentar liest)!
Dat war sécher Moies fréih.
Flott mol nees eppes vun dir ze gesin Paul.
Ech kennen déi Géigend do gutt, wëll mir de Summer oft zu Leogang an Ëmgéigend waren an de Wanter sin ech souwuel am Schgebiet Saalbach-Hinterglemm, wéi Leogang Schi gefuer. Déng Foto mécht Freed.
Paukl 30.11.2011 - 20:04
Salut Jean-Jos
Jo mat Kanner kennt een an deser Richtung zu net mei ganz vill...op der aanrer Seit kriss de awer ganz vill Scheines zereck.
Also daat do wor geingt 03:30 Auer Mettes....Ech kennen dei Geigend och gudd eben weinst de Kanner....Mir woren och am Summer do an et wor super
krautheim 29.11.2011 - 23:06
D´Arbecht huet sech gelount. Top Panorama!
Paukl 30.11.2011 - 20:04
Merci Krautheim
marker 30.11.2011 - 10:17
..am ''Nachhinein'' gesäit keen den Opwand wou bedriwwen gin ass, mais just d'Resutat, an daat huet sech secherlech hei gelount, ...Top a mengen Aan..!!
Paukl 30.11.2011 - 20:06
Jo gin der recht...den Opwand gesait een eischter bei Nuetspanoramen an Stied...mee leider hun ech dei Zait wirklech net mei...mee ech sin secher dei kennt remsmile
gtaddei1 30.11.2011 - 11:26
Herrlech!
Paukl 30.11.2011 - 20:06
Thx
Abacab 30.11.2011 - 12:53
Hat et gëschter Owend schonns im Ipad gesinn, mä wollt et och nach emol um groussen Schierm genéissen. D'lescht Joer stung ech och do. Herrlech flott däin Panorama. Deng vill Aarbecht huet sech op alle Fall rentéiert. Gefält mer wonnerbar!
Paukl 30.11.2011 - 20:07
Merci Abacab freed mech wann een se mei wei eng Keier kucktsmile)
NikonD80 30.11.2011 - 15:35
eng super Panorama - Foto, Respekt fir di Aarbecht
Paukl 30.11.2011 - 20:07
Merci Nikonsmile
Dynax 30.11.2011 - 16:08
Wow, vill Aarbecht fir eng flott Photo. Stellt als PanoramaPoster bestemmt eppes duer, well um Ecran kennt dat net esou riwer.
Paukl 30.11.2011 - 20:09
Jo daat ass wouer. Ech hun heiheem zwee Panoramen hänken vun 150 X 50 cm an daat sin Eyecatcher. Den do loossen ech net vergreisseren.ass mer net spannend genuch, well esou eppes an der Originalgreisst op Aludibond maachen ze loosen daat kaschtsmile
galileo 30.11.2011 - 19:45
Ganz flott, propper geschafft !
Waat nenns du 3 Reihen? Beliichtungsreihen, oder 3 Reihen Fotoën? De breede Wee oder Héichkant?
Mat waat fir enger Brënnwäit hues du deng Fotoën gemach ?

Daat brongt kënnt gudd hei, och wann's du dir wuel méiSchneéi erhofft haas smile
Paukl 30.11.2011 - 20:11
Also ech haat main 24-70 drop....An ech mengen ech wollt do einfach (obwuel et net onbedengt neidet vor ) en Multirowpanorama versiegen. Daat heescht also 3 Reihen à 19 Photoen-->Himmel/Horizont an Buedem.

Et for keen Problem do mam Schnei...Daat woren esou Plaatzen wou den Wand an d'Sonn en ewechgebotzt haaten...ob den pisten woren super...hoffen dat daat och esou am Januar ass
galileo 01.12.2011 - 20:51
Ok smile
Dafty 01.12.2011 - 19:11
Herrlechen Panorama
Paukl 01.12.2011 - 21:15
Merci Dafty

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 379 Gäscht online