hei meng Kritik. Hoffen si kënnt nët allze krass eriwer...
Definitiv gehéiert bei esou en aalt Gefier eng s/w Photo a keng faarweg. En plus gefält mir bei der éischter Photo d'Verhältnis vun der Gréisst vum Objet par Rapport zum Rescht vun der Photo besser. Zu gudder Lescht fannen ech och de Geste vum Fuerer ganz sympathesch.
Genausougutt wéi ech déi éischt fannen, muss ech dofir déi zweet kritiséieren: Objet ze kleng, ouni dass de Spectateur wierklech eppes gewënnt un Informatioun duerch den zousätzlechen Hannergrond, an si ass am biergop photographéiert, ouni dass doduerch awer eng zousätzlech Dimensioun geschaafe gëtt (am Sënn vun: et erkennt een trotzdem nët, wéi géi oder wéi laanggezunn de Biergop ass). Faarweg passt wéi scho gesot menger Meenung no souwisou net an (mengen ech op d'mannst eemol op mengem Bildschierm) ech fanne si och liicht onschaarf. :/
Mä zeréck zur éischter: ech géif vläicht nach probéieren, fir déi onschaarf Vignettéierung e Krack zeréckzeschrauwen, well si schränkt mat deeër doter Breet d'Vue ze vill an. Finalement géif ech vläicht och eemol probéieren, wéi sech déi doten Photo am Sepia presentéiert oder vläicht mat enger rouder(koffer) Téinung...just aus Fiewëlz. Mä wéi gesot, insgesamt gefält mir déi éischt tipptopp.
Merci Cypress fir dei Méi deis du der gemach hues fir mer hei um Site en ausfeierlechen Kommentar ze schreiwen, dat beweist mer jo dass du dech mat menger Photo beschäftegst hues, an dat welle mer jo hei bei PG hun.
Bei den Photoen gefällt mir natiirlech och dei éischt besser, an ech wosst och net op ech eng Série soll eroplueden. Hun mech awer finallement dofir entscheed well ech dem Betruechter vun enger Photo wollt e puer Informatiounen matdeelen, (wei zb geseit dat Bike am faarwegen aus, an och en puer Donnéen am Kommentar). Ech denken fir deen Zweck kann een eng Photosérie verwenden. Dofir huelen ech deng Kritik bei der fw Photo gären un.
Bei der eischter Photo ges du mer jo och an sech keng Kritik mä Verbesserungsvirschléi, dei ech fir mech wärt ausprobeieren.
Dei eischt häss de missten eenzeln erop setzen, do hues de Emstellung vun enger aaler Foto super getraff, fir mech ass dei eischt dei bescht, gud geschafft Dynax
Déi hei fannen ech wierklech super. Bearbeschtung vun der 1. ass einfach passend hei. An bei der 2. flott dass den Moto nach zimlech Scharf bliwen ass, trotz der geschwindegkeet!