Foto un sech as gud Bildopbau asw, waat steiert as dein Sujet (Persoun) sie huet eng falsch Position menger Meenung, an dei Fra am Hannergrond steiert, ech geif Foto besser fannen wann Persoun mam Reck zur Foto geif stoen mat licht gedreintem Kapp an Kierper.
leider hunn déi Sreetbiller et esou un sech dat do keng Modelle stinn deenen een Uweisunge ka ginn. Wär et en inszenéiert Bild, häss de awer mam Hannergrond Recht ? mech stéiert e net.
Den Typ den do kuckt, fannen ech cool
jo den Ed huet Recht daat war kee Model deen ech konnt dirigéiren, do an deem riesege Labyrinth gouf et einfach onendlech vill Weer an ech hu gewaart bis een koum, leider ass am Hannergrond och nach ee komm, an ech mengen hien haat gemierkt, dass ech geknipst hun.
ech stoung do mi laang an dest Bild hun ech perséinlech dat Bescht fonnt
mee neïscht fir Ongudd
mmmh, ass e street do kann ech leider d'Leit net dirigéiren, daat muss ee schon huelen wéi se kommen dat soll jo och symbolesch sin fir den Holocaust, am Hannergrond, do am Liicht geet d'Liewe weider, dofir war ech och frou iwwer déi Persoun
daat freet mech,
fir mech ass dëst Bild och mat Emotiounen verbonnen, well wann een do zum Schluss an de Sall mat den Dokumentatiounen war bleiwt keen Aan drechen
dat war méi wi Horror
Eleng schonn déi Iddi, Michèle,
fir aus dem MAHNMAL 1 Wee
ze maachen, 1 Strooss,
an dann och nach doraus 1 street,
eleng déi Iddi ass et schonn derwäert
fir gewisen ze ginn.
Mais deng Foto ass nach besser wéi deng Iddi.
merci Charel,
jo dat Bild op Wikipedia ass wierklech e bessi null, hei brauch ee scho Menschen an am beschten, déi di do derduerch gin,
d'Idi ass am Fong nët nei, well do steet méi wi een mat enger Kamera hannert de Steelen fir e gudde Passant z'erweschen
Leider amuséiren sech och do vill Leit
ech hun di Biller e bessi rouen geloos an du koum mer d'Idi vun der Bearbechtung,
-eng donkel Vergaangenheet,
-ass scho flou am Gedächtnes ,
-mir gin duerch d'Geschicht
- mee de Wee an dës Vergaangenheet soll schaarf bleiwen, sou eppes dierf nët vergiess gin
a wann dann di 2 Architekten och nach déck zefridde wären , sin ech och zefridden
Ganz flott dat doten (cadrage, Faarwpalett, street, Symbolik...).
Ech hoffen Berlin och emol ze gesin.
An de Maimonides huet Recht: wikipedia kéint hiir Foto wierklech ersetzen.