Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

HK 450 MT

 
All Fotoen an dëser Serie:
16492 Thumbnail
16493 Thumbnail
16494 Thumbnail
16495 Thumbnail
HK 450 MT
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.05.2011
  • Gekuckt:
    13862
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    d300s
  • Objektiv:
    tamron 17-50
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55856]
Kommentar vum Fotograf:
Hunn mir nach een Hobby zou geluecht.. des Photoen sinn no enger vun deen selechen Reparaturen entstanen no deem ech den Heli mol rëm eng kéier an Wiss geschmass hunn.

Géif mech freeën wann der een puer comments géift man.

_MiAmI_ 28.05.2011 - 08:32
hat och esou eng Foto erop gelueden awa vun engem waehrend dem Fluch, dh waehrend dem Schwebeflug, schein deitlech/scharf alles, kruut se awa refueseiert! Do gesait een awa wei "Launen" hei sin ...
nebu 28.05.2011 - 09:23
Jo Schwebeflug géif ech och gären fotographéieren awer ech hunn dann leider keng Hand frei fir den Fotoapparate unzehalen smile.

Ech hunn bei dëser Serie nach ee bësse mat der Saturatioun vun der Grénger Faarf gespillt an hunn nach eng Vignettierung dobäi gesat.

Ech kennen déi refuséiert Foto net sou dat ech do keen Urteel kann Ofginn.

gloda 28.05.2011 - 09:44
Ech fannen d'Fotoen zimmlech langweileg. Wanns de den Produit selwer wollts weisen häss de zB kënnen Makroen vum Motor maachen, oder ee froen deen flitt während s du d'Foto méchs, oder wéinstens liicht Gas ginn dass den Rotor Bewegungsonschäerft kritt. Esou ass et eben en Helikopter deen an enger Wiss steet, an d'Fotoen weisen 4 mol dat selwecht.
nebu 28.05.2011 - 13:01
unhappy Dat mam Motor dréinen loossen an Makroen wäert ech sécher probéieren. Merci fir déi Ureegungen.

Wei fennst du/ dir déi am Bild 1 an 2 gewielten Perspektiv an déi partiell desaturatioun?. Beim Bild 2 ass leider bësse geschnidden.
Maimonides 28.05.2011 - 15:21
Mech stéiert, haaptsächlech, d'Perspektiv, nebu,:
vun uewen erof gëtt seelen interessant.
Lee dech an d'Gras, an schläich dech méi no drun.
An dem gloda seng Propositioun ass och eng Alternativ.
Knips den Heli wéi wann deen eng Libell wär.
Ass eng flott Serie fir ze diskutéieren.
nebu 28.05.2011 - 15:45
do man ech gären mat an probéieren dann an der nächster Serie déi verschidden Ureegungen ëmzesetzen.. Merci fiert Kritik...

gloda 28.05.2011 - 21:16
D'Desaturatioun léisst d'Wiss onnatierlech wierken. Wann s de dat wollts, ok. Fir mech mécht et net vill Sënn. Dem Maimonides séng Iddi ass gutt: Fotograféier den Helikopter wéi eng Libell - a séngem Element. Dorënner verstinn ech och mat engem flotten Hannergrond. D'Wiss ass eben eng Wiss. Bof. Weis mer en matzen an enger Blummewiss an ech stelle mer direkt fir wéi e muss mat Präzisioun fléie fir net alles nidder ze méinen. Weis mer en an enger Staat a mir kommen Biller aus Mission Impossible an de Kapp. Sou wéi d'Biller elo sinn denken ech just un en Heli deen op enger Wiss sëtzt. Dat ass net spannend.
nebu 29.05.2011 - 10:11
Jo mat dem fléien ass dat nach sou eng Saach smile Ech sinn do an dem Gebiet och nach bluddegen Ufänger. .. Ech wärt an der nächster Serie mol ob den Hannergrond besser opzepassen an dat mat dem Motor dréinen loossen fir ee bësse Dynamik ze hunn. Perspektiv gëtt dann och méi déif gewielt ...

Merci Gloda an Maimondies..


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 751 Gäscht online