Déi Fotoen sinn um leschten Stock-Car zu Schëtter entstan, mee ech fannen se hätten grad esou gutt vun 1980 kéinten sinn... :-)
Kommentarer sinn wëllkomm!
Gefällt ma. Fannen das deen Effekt bei denen Fotoen wierklech gudd passt. As awa net 1980 As Schetter 2010. Stoung Vis-A-Vis direkt nieft deem Prabli Geil Course. Just Final wär bessen Latzeg.
Nee nee Dat ass den Pabeier, ech hat en net laang genuch am Fixatif gelooss, dann entwéckelten weider an gëtt rosa! Woubäi et hei nach net schlëmm ass...
Jo ech hun einfach net verstaan wisou se 5 Ambulanzen do stoen hun, an een an 10 min mat der Autobun um Kierchbierg ass, an den Heli baal eng hallef Stonn gebraucht huet bis en do war!