Fannen d'Idee flott, 2 feierroud Poloen sou geigeniwwer ze stellen, mee mer gefällt d'Emgeigend awer net%u2026
D'freet een sech, wat maan dei Autoen do beim Bauer am Feld virun de Ronnballen.
Hudd weineg mam Auto ze din, bei eingem Touareg oder Tiguan kinnt een et allt nach novollzeihen, mee och do wirr dësen Hannergrond net iwwerzeegend.
Hei kann een op den eischten Blëck einfach soen: d'sen 2 Autoen an engem Feld.
Do fehlt et einfach fier datt een soen kann, d'wirr eng intressant Foto. Fannen matt sou 2 flotten Poloen hätt een mei kinnten raushuelen. Ass awer lo meng Meenung, weess jo och net wei et zeitlech an sou wor, fier do mei kennen ze maan.
Wann d`Idee gefällt as schon een Ufank
Ech hat mol net gemengt dass deen Hannergrond sou keint steieren. Mee dann gett et nexten keier eirens anescht probeiert.
Zeit war net souvill do, et war no der Arbescht an et guff sulues donkel... an mir wousten och net richteg wouhinn ma sollten goen. Ziel vum Fotoshoot war eigentlech nemmen dass di zwee gäeren puer Fotoen gehat hetten vun hieren Autoen beineen Wei gudd Foto as, an wei den Hannergrond as, war relativ egal...
Mee ech hun se awer mol gudd fond an dofir mol online gesat fir gewuer ze gin wat dei aaner dovun sou haalen
Wat stells du dir dann vun Hannergrond bei sou Fotoen fir?
Also beim Polo giff ech lo ganz kloar soen, datt Architektur, zumols an der Staat intressant ass well et en kompakten Auto ass, deen sech an der Staat wuelfillt.
Fier mol eng mei perseinlech Approche un den Auto an d'Foto ze kreien.
Et ass natierlech keng Mussensaach, en kann och gudd ausgesin matt Landschaft am Eisleck hannendropp, awer et ass eischter ongewinnt an et erzielt een dachs eischter ongewinnten Reaktiounen vum Betruechter. (En VW Touareg wirr do wuel eischter passend wei en Polo Cup Edition.)
Den Polo Cup Edition geheiert op d'Stroossen, wann net souguer op d'Rennpiste.
Do kinnt een souguer schein matt Kontraster spillen firun allem well dei 2 roud sen%u2026
Bei schlechtem Wieder keim dat scho gudd, roud ass jo eng Signalfaarw an steht z.B. schein am Kontrast zur groher Strooss an den weißen Stricher op der Strooss.
Dat wirr z.B. eng Idee, matt däer rouder Faarw vum Auto kinnt een z.B. super spillen. http://recom-cgi.de/#/portfolio/overview/1/
Als Beispill, mee dat ass lo sou eng aaner Approche un Autoen.
Mengen, muss jo lo net perfekt an deem senn, fier eng Reklam oder sou, mee wei gesot, och ouni Computergenereiert saachen kanns de aus der Foto well vill raushuelen, zumols bei 2 rouden Polo Cup Edition (dat ass scho chance)
Eng idee wirr och, Poloen nierwtdeneen ze stellen an zwar sou, datt een deen een vun fier an deen aaner vun hannen op d'Foto krett%u2026
Mee wann den Shooting relativ spontan wor, ass een emmer bessen kreativ limiteiert. Nächst Kéier am virraus eppes ausmaan an eng flott Location sichen.
Jo stemmt Staat wier do interessant. Dei as just su weit weg ;) Mol kuken fir eng Keier Zeit ze kreien, fir daat ze probeieren.
Wou geings du dann do hifueren fir Fotoen? Kirchbierg?
Jo op der Stross weilt ech och leiwer Fotoen machen, mee well Autoen awer emmer do stungen an sou, geet net su gudd op der Stross
Eng Stross mat weissen Stricher wou net zevill lass as as och net sou gudd ze fannen
Et sin ob jiddefall Ideen dei derwert sin beim nexten Shooting ze probeieren
Ech setzen mol nach dei eng oder aaner online, hun der jo nach puer, och wann se net grad all ganz scharf sin, mee et geet mer em Idee. Geing mech freen dorops och eppes vun dir ze heieren