Eng witzeg Iddi, awer nach nët gudd ëmgesaat. Ech hätt en Crop draus gemach esou dass een d'Dëschplak nët méi gesait an just nach déi gring Felder vum Srabble ronderëm huet.
Allerdéngs fällt op dass de déi onschärft gefuddelt hues, zumols wann een së grouss uklickt. Du häss daat missten méi konsequent duerchzéien an och déi Felder nierftdrun allkéiers verschaffen. Probéier mol mat engem Tele an méi engem flaachen Wénkel, da kéint ët klappen. Ech hun kee Scrabble doheem, soss géif ech et selwer testen.
Du hues ganz recht, ech hun déi an der Vakanz gemeht, ech hat do eng deir WIFI Verbindung fier 3 Deeg, ech hat dunn keng Zeit méi fier dat besser ze machen weil se sos ofgelaf gewiecht wier. Ech machen se nach eng kéier mat e bessi méi léift zum Detail, merci fier dein Komment.
Ahh deen Truc mam deieren Wifi kennen ech... ech hun en evitéiert andeems ech mer gratis Hotspoten gesicht hun, daat klappt allerdéngs just an enger Grousstad!
No der Vakanz hues de jo nees déi beschten Zait fir et nachemol ze probéieren