Panorama aus 8 Fotoen. Lenks wéi ee wuel gesäit, ass Tower Bridge, riets ass d'London Bridge.
D'Originaldatei ass +- 11.000px breet an +- 4000px héich.
wow dCity Hall by night gesait wierklech megah aus!!
den Quai wu roof bei dBoot geet haat mech een moment aus dem Konzept bruecht waat dHorizontlinn ugeet...(huet fuerchtbar schief gewierkt bis dass ech erkannt hun waat leeft)
schoint Steck!GEFELLT MER!
waat meng fro fun der beweegungsonschärft och beäntwert !
gesait aus wei wann t'boot an voller fahrt wier, well et net um ufer leit !
t'passerelle hun ech och ereicht beim 2ten bléck gesin !
coole Panorama, just den Himmel rauscht mer e bessen vill,
naja bei déne Konditiounen
Ech hun mol bei engem anere Site eng Funktioun gesin, wou de Panorama virun engem lanechters léft, herrlech unzekucken. Wär et net derwärt, hei esou eppes anzebauen ?
Dat wats du mengs ass warscheinlech QTVR, 360° Panorama. dat ass nach eppes ganz anescht an vill méi spezielles fir och ze fotograféieren an emsetzen als soueng Datei herno
ech fir mein Déel muss mëch lo mol mat déem - neien - vertraut maachen, virun allem mam AF oder besser gesoot, mat all déene Meiglëchkéeten, dei hien bidd
virun allem beim Sport !
Also dat Boot fir huet sech net beweegt! Just dat wat ee lenks gesäit Richtung Tower Bridge gesäit, wat kee Problem war weinst der Distanz an der Richtung vun der Beweegung, dofir ass dat net zevill onschaarf ginn.
Hun d' Fotoen eenzel gemaach noeneen, vun lénks no riets, aus der Hand
mais ass do net en klengen Fehler dran ?
Kuck emol d'City Hall ...daat ass dach net duebbel do, oder hun ech eppes verpasst virum engem 1/2 Joer. Oder geseit vun dengem Standpunkt esou aus ?
Falls ok, dann sorry
Falls Fehler, dann och sorry